Hei soll elo keen Accord vum Minister méi néideg sinn. Och goufen am Gesetz d’Missioune vum Observatoire de l’habitat definéiert. Dat sinn d’Sammelen, d'Analyséieren an d'Publizéiere vun Donnéeën.
D’Deputéiert - queesch duerch all d’Parteien - hunn an hire Wuertmeldungen nach eng Kéier d’Wichtegkeet ënnerstrach fir fiabel an onofhängeg Donnéeë vum Wunnegsmarché ze kréien.
Vertrauen als Basis vun enger Demokratie
Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten huet betount, eng Politik, déi sech op Fakte kéint stäipen, wier déi besser an déi méi éierlech Politik.
"Si orientéiert sech net un den häertste Stëmmen oder un de spektakuläersten Iwwerschrëften, mee si orientéiert sech un der Realitéit vun de Leit. An enger Zäit, an där och ëmmer méi Leit Vertrauen an d'Institutiounen an a politesch Entscheedunge verléieren, ass dat hei och eng demokratesch Aufgab."
Transparenz a Fakte géife Vertraue schafen, esou den Yves Cruchten.
"A Vertrauen ass d'Basis vun enger staarker Demokratie. Besonnesch am Logement brauche mer méi Transparenz an e bessert Versteesdemech vun den Entwécklunge vum Maart. An net just e Bauchgefill oder net verifizéierbar Behaaptungen."
D’Oppositiounsdeputéiert hunn awer och ervirgehuewen, datt Donnéeën eleng net géifen duergoen. D’Regierung misst och déi richteg Conclusiounen doraus zéien, esou d’Opfuerderung vun der Oppositioun.