Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Medienopsiicht: d‘Spillregele wärend dem Walkkampf erkläert

ALIA

Medienopsiicht: d‘Spillregele wärend dem Walkkampf erkläert

De President vun der Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel (ALIA) Thierry Hoscheit erkläert d’Spillreegele vun der Campagne an den audiovisuelle Medie mat ëffentlech-rechtlechem Optrag, also RTL a radio 100,7.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

Thierry Hoscheit | © Morgane Weidig play_arrow
Den Thierry Hoscheit ass President vun der ALIA (Foto: Morgane Weidig)

D’ALIA, d’Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l'Audiovisuel, behält am A, datt déi Lëtzebuergesch Medie mat ëffentlech-rechtlechem Optrag déi verschidde Parteien am Walkampf gläichméisseg zum Zuch komme loossen. Dofir schécken RTL an de Radio 100,7 der Autoritéit hir Programmpläng fir d’Walcampagne schonn am Virfeld.

Den Thierry Hoscheit, President vun der ALIA seet, dat dierft een net als Agrëff an déi redaktionell Fräiheet gesinn. D’Autoritéit géif sech drop beschränken de Medie matzedeelen, wann hir en Desequiliber géif opfalen. Ob d'Redaktiounen op déi Hiweiser aginn, wär hinnen awer ëmmer nach iwwerlooss. Souwisou géif et zu der Missioun vun ëffentlech–rechtleche Medie gehéieren, eng ausgeglache Couverture ze garantéieren.

Den Thierry Hoscheit stellt iwwerdeems en "atmosphäreschen Ënnerscheed" fest, tëschent de Gemengen- an den Nationalen. D’Parteie wieren elo méi nervös ewéi am Fréijoer. An och alt mol méi ongedëlleg, wa se wärend enger Woch manner couvréiert ginn. Hien betount awer, datt een op déi ganz Campagne gekuckt muss moossen, ob d’Parteie genuch zu hirem Zuch koumen.

Krittäre fir d'Table-ronden​

Et ass och d’ALIA déi festleet, wéi eng Parteien an déi offiziell Table-ronden geruff ginn. Krittär heivir ass, datt eng Partei an dräi vu véier Bezierker mat komplette Lëschten untrëtt. Déi Konservativ erfëllen dee Krittär net: Si hu Lëschte just am Süden an am Norden. Trotzdeem huet déi Partei de leschte Sonndeg virum Radio 100,7 protestéiert, well se net op d’Table-ronde ageluede war.

Den Thierry Hoscheit wonnert sech iwwer déi Protestaktioun, déi Konservativ hätten nämlech virum Summer op dräi Invitatioune vun der ALIA fir e Gespréich iwwer déi Spillreegelen net reagéiert.

Lauschterenplay_arrow