Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Maxime Miltgen kritiséiert d'Ausstelle vu Wierker vum Jan Fabre op der Art Week

Wéinst sexueller Belästegung verurteelt

Maxime Miltgen kritiséiert d'Ausstelle vu Wierker vum Jan Fabre op der Art Week

Déi sozialistesch Stater Gemengeconseillère Maxime Miltgen huet dem Stater Schäfferot eng urgent Fro gestallt wéinst der Ausstellung vum Konschtwierk „L‘Homme qui Mesure les Nuages“ vum belsche Kënschter Jan Fabre wärend der „Art Week“. De Kënschtler ass ënnert anerem wéinst sexueller Belästegung verurteelt ginn.

auto_stories

1 min

L‘Homme qui Mesure les Nuages | © Wikimedia Commons
L‘Homme qui Mesure les Nuages (Foto: Wikimedia Commons)

 D‘Maxime Miltgen wëll vum Schäfferot wëssen, firwat d‘Stad decidéiert huet, dat Wierk trotz dem Kënschtler senger Verurteelung z‘ënnerstëtzen an auszestellen. Déi Decisioun wier der Maxime Miltgen no am Widdersproch zu der Stad hiren Objektiver am Kader vun der Orange Week, fir sech géint d'Gewalt géint Fraen ze engagéieren.