Radioen

On air

9 bis 1  |  Great Mountain Fire - Caroline

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Max Planck Institut fir Prozessrecht gëtt Deel vun der Uni.lu

Fuerschung

​Max Planck Institut fir Prozessrecht gëtt Deel vun der Uni.lu

DeMax Planck Institut fir Prozessrecht wäert op den 1. Januar 2024Deel vun der Uni.lu ginn. Dat huet de Fuerschungsminister ClaudeMeisch matgedeelt. Zil dovu wier etd’Exzellenzfuerschung zu Lëtzebuerg ze optimiséieren.

auto_stories

1 min

Hannergrond ass awer och de kuerzfristegen Depart vun den zwee leschten Direktere vum Institut. Am Juni dëst Joer hat d’Hélène Ruiz Fabri demissionéiert. Nëmmen dräi Méint, nodeems de fréieren Direkter Burkhard Hess zeréckgetruede war, dat wéinst “toxescher Aarbechtsatmosphär”, wéi et deemools an der Press geheescht huet.

Duerch d‘Integratioun an d‘Uni.lu kéint de Max-Planck-Institut elo een neie Gouvernance-Modell kréien, huet et de Moie virun der Press geheescht. De Claude Meisch huet verséchert, dass déi 61 Mataarbechter vum Institut vun der Uni iwwerholl ginn.