Radioen

On air

9 bis 1  |  Lescop - L'Hiver Sur Tes Lèvres

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Maurice Bauer begréisst eng breet Debatt iwwer d'Pensiounsreform

Pensiounsdebatt

De Maurice Bauer begréisst eng breet Debatt iwwer d'Pensiounsreform

Den CSV-Deputéierten a President vun der Kommissioun vun der Fonction Publique Maurice Bauer schwätzt vun enger richteger Approche an engem wichtegen Effort vun der Regierung, fir sech mat allen Acteuren iwwer eng méiglech Pensiounsreform ze consultéieren.

auto_stories

1 min

Maurice Bauer | © Chris Zeien
Foto: Chris Zeien

Elo misst een dësen Exercice vum Dialog ofwaarden. Hei wier d'Staatsbeamtegewerkschaft och ee wichtege Partner, esou de Maurice Bauer an enger éischter Reaktioun. D'Fonction Publique hätt hir Roll, genee wéi d'CGFP an d'Regierung wéilt d'Situatioun gär mat der Staatsbeamtegewerkschaft emol auszediskutéieren an no Léisungsvirschléi ze sichen.

"Ech mengen et geet hei wierklech drëms, dass mer zesummen am Dialog einfach d'Situatioun analyséieren a kucken, wéini muss een a muss een iwwerhaapt e Schrëtt virhuelen. Mee ech mengen an deem Stadium si mer am Moment, wou mer déi Diskussioun do mat de Partner féieren."

De ganzen Interview mam Maurice Bauer

Lauschterenplay_arrow