Den OGBL hat an engem Communiqué Mëtt Januar vu Mobbing an der Gemeng geschwat an d‘CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet direkt zitéiert. Dat nodeems e laangjärege Mataarbechter am Dezember zejoert entlooss ginn an eng OGBL-Delegéiert aus hirem Déngscht enthuewe gi war. Am Schreiwes widderspriechen d‘Mataarbechter:innen vum Gemengenatelier deene Behaaptungen a soen, datt säit dee bestëmmte Mataarbechter net méi do wier, d’ Aarbechtsklima sech däitlech verbessert hätt.
Den Alain Rolling vum OGBL weist sech, am 100,7-Interview, iwwerrascht vun deem Schreiwes.
“Ech sinn, éierlech gesot, elo e bëssen iwwerrascht iwwert déi Stellungnam, well dat haut dann direkt no dem Interview kënnt vun der Madamm Buergermeeschtesch op RTL. Do froen ech mech wierklech, hunn d'Aarbechter elo extra haut den Dag ofgewaart, wou d'Madamm Buergermeeschtesch sech do géigeniwwer vun RTL veräntwert. Bon, ech fannen den Zäitpunkt einfach komesch, well déi Affär ass awer elo scho sechs Méint amgaangen an der Gemeng, a bei mir huet nach ni een sech gemellt, datt do déi betraffe Persoun den Übeltäter soll sinn.”
Et misst een dann elo kucke wat d’ Geriichter zu där Affaire soen. Déi éischt geriichtlech Unhéierung zu der Situatioun ass muer de Mëtten.