Ronn 8,4 Tonne Réiueleg aus der Lëtzebuerger Pëtrolsreserv wäerten am Kader vun der Initiativ vun der IEA op de Marché kommen. Dat entsprécht 1,3 Prozent vun de gesamten nationale Reserven, esou de Ministère a senger Äntwert.
Dee Réiueleg gëtt aktuell an enger Raffinerie zu Antwerpe gelagert. Do wäert e warscheinlech zu Endprodukter verschafft gi fir esou op de Maart ze kommen.
Et gëtt allerdéngs och d’Méiglechkeet, datt en un eng aner Raffinerie exportéiert gëtt. Bannent der nächster Woch soll dat dem Ministère no de Fall sinn.
Situatioun kéint sech änneren, wann d'Strooss vun Hormus zou bleift
Aktuell wier den Approvisionnement vu Lëtzebuerg an der EU net perturbéiert, esou de Ministère.
Sollt den Hormuspassage länger blockéiert sinn, kéint d’Situatioun sech änneren. Mee souguer dann hätt Lëtzebuerg, grad ewéi d’Memberlänner vun der EU, nach ëmmer genuch Reserven, fir länger potentiell Ausfäll ze kompenséieren.
Wann déi international Energieagence eng weider Fräigab vum Pëtrol géif ufroen, géif et vun der jeeweileger Situatioun ofhänken, ob ee sech nach eng Kéier dru géif bedeelegen, esou nach den Energieministère a senger schrëftlecher Äntwert.