Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Concert  |  Fir den 100. Gebuertsdag vum Pierre Boulez

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Deutschland, bleiche Mutter …

Fräie Mikro

Deutschland, bleiche Mutter …

An Däitschland ginn d'Leit géint Rietsextremismus a géint déi rietsextreem Partei AfD op d'Strooss. Haut virun 91 Joer gouf den Adolf Hitler Reichskanzler an Däitschland. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, zitt an hirem Fräie Mikro Parallelle mam Däitschland vun haut.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Mat demokratesche Mëttelen an d’Diktatur

Dat wat propagandistesch als Machtergreifung verkaf gouf, war en fait keng. D’NSDAP kënnt mat den Instrumenter vun der Demokratie un d’Muecht. Den 1. Februar 1933 gëtt de Reichstag opgeléist a fir de 5. Mäerz sinn Neiwalen ugesat. Bei deene kréien d’Nazien 43,9 Prozent, en Dramresultat, awer keng absolut Majoritéit. Si wollten awer eleng regéieren.

Déi éischt Etapp um Wee vun enger Diktatur mat legale Mëttele war d’Notverordung zum Schutz vum Volk und Staat nom Reichstagsbrand Enn Februar. Doduerch gi wichteg Grondrechter ausser Kraaft gesat, wéi z. B. Pressefräiheet, d‘Bréifgeheimnis oder d’Recht op eng fräi Meenungsäusserung. Op Grond vun deem Edikt ginn och d’Mandater vun de kommunisteschen Deputéiert am Reichstag opgehuewen. Vill vun hinne kommen op Dachau oder Oranienburg, Lageren, déi iwwregens scho sechs Wochen no där sougenannter Machtergreifung fäerdeg waren.

Déi nächst Etapp koum dunn den 23. Mäerz mam Ermächtigungsgesetz. Duerch dëst Gesetz huet d’Hitler-Regierung d’Recht kritt, ouni d’Parlament oder Reichspresident Gesetzer ze erloossen. De Reichstag huet sech also selwer entmuecht. Eleng d’SPD huet dergéint gestëmmt, an domat war de Wee fir d’Nazi-Diktatur mat all hire schreckleche Konsequenze fräi.

“Wenn die Demokratie so dumm ist ...“

Schonn 1928 hat dee spéidere Reichspropagandaminister Joseph Goebbels a säin Tagebuch geschriwwen: “Wir gehen in den Reichstag hinein, um uns im Waffenarsenal der Demokratie mit deren eigenen Waffen zu versorgen. (…) Wenn die Demokratie so dumm ist, uns für diesen Bärendienst Freifahrkarten und Diäten zu geben, so ist das ihre eigene Sache. (…) Uns ist jedes gesetzliche Mittel recht, den Zustand von heute zu revolutionieren“. An déi gesetzlech Mëttelen hu si voll ausgenotzt, bis si se net méi gebraucht hunn. Wann een am Däitschland vun haut gesäit, datt Leit mat engem vergläichbare Gedankegutt an ëffentlech Mandater gewielt ginn, ass ee gutt beroden, heiansdo un dem Goebbels seng Wierder an hir Konsequenzen ze denken.

Wannsee a Potsdam

A wann een dann nach bedenkt, datt an direkter Noperschaft vum Wannsee, wou 1942 d’Endlösung der Judenfrage decidéiert gouf, rietsextreem Kräften aus Däitschland an Éisträich doriwwer diskutéieren, wéi ee Ronn zwou Millioune Mënsche mat Migratiounshannergrond an zum Deel mat däitschem Pass - och géint hire Wëllen - kéint an Afrika ausbiergeren, gëtt et engem kal. Besonnesch wann ee sech drun erënnert, datt d’Nazien e vergläichbare Plang haten, fir déi däitsch Judden a Jüddinnen no Madagaskar auszebiergeren. Mee si hu jo dunn um Wannsee eng aner Léisung fonnt.

Déi Honnertdausenden, déi géint esou fierchterlech Iddien op d’Strooss ginn, maachen zwar Hoffnung, awer datt si dat iwwerhaapt mussen, mécht Angscht.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

live

Live