arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Verletzungssuergen an zwee Debutantë ginn d'Rout Léiwen an d'Lännermatcher

Härefussball

|
reading time

2 min

Mat Verletzungssuergen an zwee Debutantë ginn d'Rout Léiwen an d'Lännermatcher

De Fussballnationaltrainer vun den Hären, de Jeff Strasser, huet am spéide Moie säi Kader fir déi nächst zwee Lännermatcher annoncéiert. Hie muss op e puer blesséiert Stammspiller verzichten. Par rapport zum leschte Kader feelen ënner anerem de Leandro Barreiro, den Danel Sinani an de Seid Korac. 

reading time

2 min

© Facebook FLF
(Foto: Facebook FLF)

Dofir huet de Jeff Strasser de Patrick Macedo vu Walfer eng éischte Kéier nominéiert. Deen 31 Joer ale Lëtzebuerger huet dës Saison an zwielef Matcher 11 Goler geschoss. Hie géing en anert Stiermerprofil matbréngen, esou den Nationaltrainer. 

Doduerch datt et esou vill Verännerungen am Kader ginn, misst sech och d’Erwaardungshaltung vu baussen änneren, mengt de Jeff Strasser.

“Nichtsdestotrotz hu mir eng kompetitiv Ekipp, mat där mir eis optimal wäerte virbereeden, fir déi nächst zwee Matcher unzegoen an och an deene Matcher probéieren déi bescht méiglech Performance an och Leeschtung ofruffen." 

Dono misst een da kucke wéi eng Resultater dobäi rauskommen.

Kapitän vum Racing eng éischte Kéier dobäi

Och de Farid Ikene vum Stater Racing huet et eng éischte Kéier an de Kader vun der Hären-Nationalekipp gepackt. Hie wier e performante Mëttelfeldspiller, seet de Jeff Strasser.

"De Farid Ikene, deen och schonn an der U21 performéiert huet, ass ee vun deene sechs Spiller, déi haut aus der BGL-Ligue dobäi sinn, déi och schonn e Passé am professionelle Beräich haten. Hien ass e performante Spiller, deen iwwer déi lescht Jore seng Qualitéiten an der BGL-Ligue bewisen huet, och scho fënnef Goler dës Saison geschoss huet an deementspriechend ass d'Wiel op hie gefall."

An der Liga C vun der UEFA Nations League spillt Lëtzebuerg e Freiden an enger Woch doheem géint Estland. Dräi Deeg drop triede se an Island un. Den Ament stinn d’Rout Léiwe mat dräi Punkten aus véier Matcher op der leschter Plaz an der Tabell.