Haut ass där 29-Joer-jonker Newcomerin, hiren éischten Dag zu Bréissel. Si huet elo nëmme gutt siwe Méint Zäit fir sech en Numm ze maachen, an der Hoffnung, dann de 9. Juni 2024 fir e vollt Mandat vu 5 Joer erëm gewielt ze ginn:
“Dat ass eng enorm kuerz Zäit, déi ech hunn. An awer. Och elo scho mierken ech de Feedback scho vun de Leit. Dat eent ass: et ass ee selwer zwar Europadeputéierte, mee dat anert ass och, wéi d’Leit drop reagéieren a wéi d’Interaktioun mat de Leit ass. Ech kréie ganz vill Kontakter.”
Vun dem Moment u, wou gewosst war, datt si an d’Parlament kënnt, wier se vu ville Leit ugeschwat ginn an op Schwieregkeete beispillsweis am Thema Transport higewise ginn.
Keng Iwwerraschung
Ganz iwwerraschend kënnt déi nei Aufgab net op d’Martine Kemp duer. Spéitstens zanter dem Christophe Hansen seng Kandidatur bei de Chamberwalen hei am Land ugekënnegt hat, konnt si domat rechen, an d’Europaparlament ze kommen:
“Ech hat dat natierlech am Hannerkapp a konnt mech och déi lescht Woche schonn e bëssen eraliesen, well ech jo och d’Theme vum Christophe Hansen fir déi lescht siwe Méint iwwerhuele wäert. Dat war natierlech e gewësse Virdeel.”
Eegen Interessen zeréckstellen
D’Martine Kemp iwwerhëlt d’Dossiere vun hirem Virgänger Christophe Hansen am Europaparlament, och wann dat net onbedéngt Sujete sinn, déi si erausgesicht hätt wa si hätt kënne wielen:
“Mee gläichzäiteg sinn ech jo awer och Europadeputéiert fir Lëtzebuerg. Et ass och enorm wichteg fir Lëtzebuerg ze vertrieden, an déi Themen, déi eng Relevanz hu fir Lëtzebuerg dohanne weider ze bréngen, an eisen Input ze ginn. An dofir ass et awer enorm wichteg, d’Kommissiounen, an deenen de Christophe Hansen souz, bäizebehalen an do eng gewëss Kontinuitéit ze hunn."
An deene Kommissioune géife wichteg Punkten diskutéiert ginn, betount d’Martine Kemp. Da wier et wichteg, datt ee seng perséinlech Interessen zeréckstelle kann.
Well et wichteg Punkte sinn, déi do diskutéiert ginn. An do muss een dann ebe seng eege perséinlech Interessen zréckstellen, hannert deem fir dat mir eis am Intérêt vu Lëtzebuerg mussen asetzen.