De Martin Rajna gëtt den neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Dëst hunn d’Philharmonie an de Kulturminister Eric Thill haut kuerz no 11 Auer op enger Pressekonferenz matgedeelt. Den ungareschen Dirigent, deen aktuell de Chefdirigent vun der Ungarescher Staatsoper a vun der Philharmonie Györ ass, trëtt seng nei Plaz am Oktober 2026 un. Säi Kontrakt mat der Philharmonie leeft iwwer véier Saisonen. Hie géif probéieren d'Valeuren vum Orchester bäizehalen an den Ochester och international weider ze bréngen, sot de Martin Rajna haut de Moien.
Den aktuelle Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Gustavo Gimeno verléisst den Orchester no zeng Joer an dëser Positioun um Enn dëser Saison a Richtung vum Teatro Real zu Madrid.
E grousst Talent
De Martin Rajna ass 2023 am Alter vun nëmme 27 Joer de Chefdirigent vun der Ungarescher Staatsoper zu Budapest ginn, säin éischten Optrëtt do louch dunn awer well zwee Joer an der Vergaangenheet: 2021 huet hien dem Wolfgang Amadeus Mozart seng Oper "Entführung aus dem Serail" dirigéiert. Wärend säi Kalenner mat Optrëtter an dësem Haus gutt gefëllt ass, baut hien seng International Karriär als Gaaschtdirigent bei verschiddenen Orchester aus, ënnert anerem dem London Philharmonic Orchestra, deen hien am November 2024 dirigéiert huet. Am Mee steet dann en Optrëtt mam Orchester vum Teatro La Fenice zu Venedeg op der Affiche, esou wéi en Optrëtt mat den Nürnberger Symphoniker am Juli.
War scho live um opus 100,7
De 15. November 2024 hunn den opus 100,7 an de radio 100,7 e Concert vum Martin Rajna, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live aus der Philharmonie iwwerdroen. Solist war de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof an um Programm stoungen dem Richard Wagner seng Ouverture vun der Oper Tannhäuser, dem Pjotr Iljitsch Tschaikowski seng Rokoko-Variatiounen an dem Antonín Dvořák seng 8. Sinfonie.
Studien
Wéi aus der Biographie um Martin Rajna senger Internetsäit ervirgeet, huet de jonken Dirigent op der Hochschule für Musik Franz Liszt zu Weimar studéiert, wou hie beim Nicolás Pasquet and Ekhart Wycik geléiert huet.* Do virdrun war hien op der Franz Liszt Academy of Music zu Budapest. Doriwwer eraus konnt de Martin Rajna 2021 um Mentoring-Programm vun der Peter Eötvös Contemporary Music Foundation participéieren an 2022 krut hien e Stipendium vum "Forum Dirigieren" vum Deutschen Musikrat. E weidere Stipendium krut hie vun der Lucerne Festival Academy.
*Anescht wéi bei der Publikatioun vun dësem Artikel an an der Biographie op der Internetsäit vum Martin Rajna geschriwwen, huet den Dirigent all seng Studien ofgeschloss.