Radioen

On air

Soundcheck  |  Jordan Rakei bei de BBC Proms 2024

play_arrow Live
search

/ Marco Boly: D'ITM kujenéiert d'Betriber net

Aarbechtskontroll

Marco Boly: D'ITM kujenéiert d'Betriber net

"Mir sinn Affer gi vun eisem eegene Succès", dat ass d'Conclusioun vum ITM-Direkter Marco Boly op rezent Kriticke géint d'Performance vun der Gewerbeinspektioun.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Marco Boly | © Serge Kesseler play_arrow
De Marco Boly ass den Direkter vun der ITM. (Foto: Serge Kesseler)

D'Inspection du travail et des mines kontrolléiert, ob Betriber sech un d'Gesetz halen an hir Mataarbechter virun Ausbeutung a gesondheetleche Gefore geschützt ginn - a gouf an de leschte Jore massiv ausgebaut. D'Luxemburger Wort hat d'lescht Wort an engem Editorial der ITM awer virgehäit, si géif bei hire Kontrollen ëmmer méi aggressiv ginn an hätt déi richteg Mooss verluer. Notamment de Commerce an den Horecasecteur wiere massiv ënner Drock gesat ginn, hat d'Wort och an engem Artikel gemellt. Mat där Kritik ass den ITM-Direkter Marco Boly am 100komma7-Interview awer net averstanen.

"Et muss ee wëssen, 2015 hunn déi selwecht Zeitunge geschriwwen, dass d'ITM en 'zahnloser Papiertiger' ass, 2020 hunn déi selwecht Zeitunge geschriwwen, d'ITM ass e Wadenbeisser ginn, a si bäisst op der richteger Plaz, an elo gëtt gesot, d'ITM huet Tollwut a si ass amgaange ronderëm jiddwereen ze bäissen. Dat ass onberechtegt."

Prett fir iwwer zukünfteg Ausriichtung vun der ITM ze schwätzen

D'ITM hätt elo een Niveau erreecht, op deem ee sech sécherlech Froe kéint stellen, wéi ee se an Zukunft gäre wéilt ëmorientéieren, "mee laanscht dee Volet Kontroll wäerte mir ni kommen, well dofir ass de Volet vun de Reklamatiounen einfach ze grouss".

De Marco Boly weist sech awer oppen dofir, fir mat eenzele Beruffskammeren zesummenzeschaffen an doriwwer nozedenke fir méi preventiv virzegoen.

Hir berodend Funktioun géif d'ITM nämlech ëmmer manner ausüben, war et eng weider Kritik. Och dat léist de Marco Boly net ganz gëllen. D'Kontrolle selwer wiere schonn eng Preventiounsmoossnam. Bei de 4.300 Kontrolle bei Betriber hei am Land wieren um Enn 1.100 Geldstrofen erauskomm. All aner Fäll wieren an der Rei gewiescht, oder hätte kéinte regulariséiert ginn, preziséiert den ITM-Direkter.

Marco Boly: "D'ITM schafft och berodend a preventiv"

Doriwwer eraus géife reegelméisseg Informatiounsversammlungen a Formatiounen organiséiert ginn. D'ITM géif och scho Visitten zesumme mat der Aarbechtsmedezin maachen, an et géif een am Moment Recommandatiounen zesumme mat der Assurance Accident schreiwen.

"Dat heescht, mir maachen Informatiounscampagnen an e Sammelsurium u verschidde Preventiounsmoossnamen. Mee ech mengen, wann déi Betriber an déi Informatiounsversammlung net kommen, oder wann déi Dokumenter, déi produzéiert ginn an déi eeben och public gesat ginn, sech eeben net op déi Dokumenter referéiert, dann ass et natierlech extreem schwéier, fir kënnen do weiderzekommen."

Wat d'Kontrollen ubelaangt, wieren d'Betriber awer effektiv méi negativ agestallt, wéi dat fréier vläicht de Fall gewiescht wier.

"Den Toun gëtt méi rau. Ech mengen d'Leit sinn net frou, wa se kontrolléiert ginn, well se eben haut d'Kontroll ëmmer nach als eppes Pejoratives ugesinn."

A verschiddenen ekonomesche Secteure wier den Toun och méi rau, wéi an aneren, esou de Marco Boly. Mee bis elo hätt hien nach net festgestallt, datt iergendee Betrib zu Lëtzebuerg vun der ITM géif kujenéiert ginn

Souwäit den ITM-Direkter Marco Boly op rezent Kriticke géintiwwer dem Fonctionnement vun der Gewerbeinspektioun.

De ganzen Interview mam Marco Boly

Lauschterenplay_arrow