Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Marc Goergen huet Suen zeréck iwwerwisen: "Et war ee Feeler"

Kredit an Héicht vun 33.000 euro

Marc Goergen huet Suen zeréck iwwerwisen: "Et war ee Feeler"

De Rechnungshaff huet mat senger Analys vun de Finanze vun der politescher Sensibilitéit vun der Piratepartei ugefaangen. Dat huet de Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck dem radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt. Iwwerdeems huet de Marc Goergen annoncéiert, datt hien de Montant vum Kredit nees zeréck iwwerwisen hätt.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Wéi de radio 100,7 um Méindegmoie gemellt hat, hat den Deputéierte Marc Goergen sech viru ronn dräi Joer bal 33.000 Euro bei dëser Sensibilité politique geléint, fir een Deel vu senger Steierschold ze begläichen.

De Laurent Scheeck geet dovun aus, datt de Rechnungshaff seng Analys relativ séier wäert ofschléissen. Soubal dës Aarbecht fäerdeg ass, wäert an der Chamber gekuckt ginn, ob d’Gestioun vun de Gelder, déi der Sensibilitéit zur Verfügung gestallt goufen, dem Chambersreglement entsprach huet. Et wéilt een d’Gesamtanalys ofwaarden, éier ee Conclusiounen zitt, esou de Generalsekretär vun der Chamber.

De Chamberbüro hat schonn am Juli decidéiert, datt d’Finanze vum parlamentareschen Deel vun der Piratepartei fir den Zäitraum 2018 bis elo solle kontrolléiert ginn.

Zu kengem Ament wiere Sue verluer gaangen

Den Deputéierte vun der Piratepartei a Partei-Coordinateur Marc Goergen huet iwwerdeems de Moien op der Plattform “X” matgedeelt, datt hien de Montant vum Kredit un déi politesch Sensibilitéit zréck iwwerwisen hätt. 

Wéi hie schonn am 100,7-Interview gesot hat, widderhëlt de Marc Goergen haut op “X”, datt et ee Feeler gewiescht wier, d’”Offer vun engem temporäre Kredit” unzehuelen. De Politiker huet geschriwwen: “Et war ee Feeler, fir deen ech elo direkt d’Verantwortung iwwerholl hunn”.

Zu kengem Moment wier der Sensibilitéit Geld verluer gaangen, an zu kengem Moment wier d’Piratepartei mat involvéiert gewiescht, ënnersträicht de Marc Goergen.

Den Deputéierte Sven Clement widdersprécht der Duerstellung, datt et sech beim Prêt ëm eng “Offer” gehandelt hätt: et wier eng Demande vum Marc Goergen gewiescht, huet de Sven Clement de Moien op eis Nofro hi betount.