Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Angel wëll net méi Vizepresident, mee Quästor ginn

EUROPAPARLAMENT

Marc Angel wëll net méi Vizepresident, mee Quästor ginn

Den LSAP-Europadeputéierten ass Kandidat vu sengem Grupp, fir ee vun de fënnef Quästoren am Europaparlament ze ginn. Anescht wéi virun zwou Wochen annoncéiert, kandidéiert hien net fir een zweet Mandat als Vizepresident.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Europadeputéierte Marc Angel kandidéiert net fir ee vun de 14 Posten als Vizepresident vum Europaparlament. Amplaz dovu wëll hie Quästor ginn. D’Quästoren bekëmmeren sech em d’Finanzen an d’Verwaltung am Europaparlament.

Den LSAP-Europadeputéierte war am Januar zejoert als Vizepresident vum Europaparlament gewielt ginn, nodeems seng Parteikolleegin Eva Kaili am Zesummenhang mat dem Korruptiounsskandal ronderëm de “Quatargate” vun deem Posten enthuewe gouf.

D’Erfarung als Vizepresident wier “eemoleg” gewiescht. “Et war eng Éier, fir dat ze maachen”, sou de Marc Angel géintiwwer dem radio 100Komma7. Als Vizepresident ass ee genee ewéi als Quästor Member vum “Bureau”, deem ieweschte Gremium vum Europaparlament.

Marc Angel: Et ass eng strategesch Decisioun

Firwat huet den LSAP-Politiker seng Meenung geännert, a wëll elo net nach eng Kéier fir de Poste vum Vizepresident kandidéieren?

Et wier am Ufank vun enger Legislaturperiod méi schwéier sech kënnen duerchzesetzen, sou de Marc Angel. Um Ufank kéimen “déi grouss Delegatioune mat ganz groussem Appetit”.

“Et war mer wichteg, ee vun den Top-Jobs am Parlament, fir e Lëtzebuerger ze behalen a beim Poste vum Quästor war ech sécher, dass ech e kréien am Ufank vun enger Legislaturperiod, wou se all kommen an alles wëllen - grouss Delegatiounen. Ech sinn eng One-Man-Delegatioun, dat däerf een och ni vergiessen, an ech hunn et d'leschte Kéier fäerdegbruecht, an dës Kéier wollt ech strategesch handelen.”

Hie wielt elo vun der Experienz, déi hien am Bureau vum Europaparlament gesammelt huet, profitéieren.

Am spéide Mëttwoch Moie stëmmen d’Membere vun der Fraktioun vun de Sozialisten doriwwer of, wien als Kandidat oder Kandidatin fir ee vun de 14 Vizepresidenten an ee vun de fënnef Quästoren opgestallt soll ginn. Eisen Informatiounen no ass de Marc Angel a sengem Grupp deen eenzege Kandidat fir Quästor ze ginn, domat gëllt et als sécher, datt hien dee Posten och kritt.

Eng Decisioun iwwert déi Poste fält dann déi nächst an der éischter Plenière vum Europaparlament zu Stroossbuerg.

Isabel Wiseler-Lima: nach keng Decisioun iwwert Kandidatur

Datt de Marc Angel awer deen eenzege Lëtzebuerger op engem vun den Top Jobs am Europaparlament wier, ass nach net sécher. Am leschte Parlament hat d’Isabel Wiseler-Lima de Posten als Quästorin vum Christophe Hansen iwwerholl, nodeems hien als Europadeputéierten zeréckgetruede war an an d’Chamber gewiesselt hat.

Hir Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei decidéiert haut wien als Vizepresident proposéiert gëtt. Fir d’Quästoren fält d’Decisioun den nächste Méindeg. Eisen Informatiounen no huet kee vun den zwee CSV-Europadeputéierte Wëlles als Vizepresident ze kandidéieren. Fir eng Decisioun iwwert eng Kandidatur fir Quästorin ze ginn, wier et nach ze fréi, sot eis d’Isabel Wiseler-Lima.

Lauschterenplay_arrow