Radioen

On air

9 bis 1  |  Familljen-Center

play_arrow Live
search

/ déi gréng wëlle méiglechst vill Stabilitéit fir hir Mataarbechter:innen

Chamberwalen 2023

déi gréng wëlle méiglechst vill Stabilitéit fir hir Mataarbechter:innen

Déi gréng wéilten all Effort maache fir hire Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Fraktioun a vun der Partei méiglechst vill Stabilitéit ze garantéieren, esou de Co-Parteipresident Meris Sehovic no der Gremiesëtzung vun déi gréng de Méindeg. Mat engem Minus vu fënnef Sëtz, hunn déi gréng an der neier Chamber keng Fraktiounsstäerkt méi an deemno och manner finanziell Moyenen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Ob een all d‘Mataarbechterinnen a Mataarbechter kéint hale kéint een den Ament nach net soen, esou de grénge Co-Parteipresident.

"Mir si vu 9 Deputéiert op 4 erofgefall, dat heescht um Niveau vum Finanzement vun der Chamber wäert dat schonn en Impakt hunn. Wat d‘Partei ugeet, do si mer vun 18 Mandatairen déi contribuéieren an d’Keesse vun der Partei op 8 Mandatairë gefall, déi contribuéieren. Dat heescht alles dat huet en Impakt."

Eventuell kënnt e groupe technique mat déi Lénk a Fro

Dat wier eng Realitéit där een sech elo misst stellen, esou d’Co-Parteipresidentin d’Djuna Bernard. Fir d‘Partei wier dat een emotionalen a schwéiere Moment.

Fir weiderhi Raimlechkeeten, Installatiounen a Kreditter zur Verfügung gestallt ze kréien an en Deel vu de Personalkäschte rembourséiert ze kréien, wier eng Méiglechkeet ee sougenannte Groupe technique mat déi Lénk ze forméieren, déi weiderhi mat zwee Sëtz an der Chamber vertruede sinn.

Ausschléisse géif een des Optioun net, et géif een awer och net soen, datt een dat mécht, esou nach d’Co-Parteipresidentin.

Lauschterenplay_arrow