Radioen

On air

Spektrum  |  Kwes. - Open Up Feat. Sampha & Tirzah

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Schockela iessen, mee dofir gudden

Den Hallwer Néng

Manner Schockela iessen, mee dofir gudden

Et ass Dezember, d’Chrëschtzäit steet virun der Dier an am kale Wieder kann et och emol stresseg ginn, fir déi lescht Kaddoen ze sichen. Dofir hu mir de Jean Claude Majerus op Zolwer fir eng kleng Auszäit an de Schockelas-Paradäis geschéckt.

auto_stories

2 min

Foto: Monique Kunnert

Den Dezember ass d’Zäit vum Schockela. Grad haut op Niklosdag wäerte vill Kanner an och Erwuessener ës op hiren Tellere fannen. Obschonn de Schockela de Ruff vun enger ongesonder Séissegkeet huet, kann dëse méi gesond an och méi ethesch korrekt sinn ewéi ee mengt. D’Besëtzerin vum ochocolats zu Zolwer, d’Monique Kunnert, erkläert wéi.

Schwaarze Schockela als Alternativ

De Schockela wier gréisstendeels als ongesond Séissegkeet bekannt. Dëse schlechte Ruff géif dem Schockela awer net komplett gerecht ginn, seet d’Monique Kunnert. Schwaarze Schockela zum Beispill hätt keen Zockerzousaz a wier domat och net séiss. De méi battere Goût wier fir vill Leit iwwerraschend an ongewinnt, dat wier awer net ëmmer eppes Schlechtes.

Et wier perfekt fir déi séiss Loscht ze kompenséieren, et géif ee manner vum battere schwaarze Schockela iessen, ewéi vun aneren Zorte mat Zockerzousaz. D’Leit wiere selwer och méi sensibel ginn, fir net ze vill Séisses ze iessen, an och mat Diabetiker hätt d’Schockelas-Verkeeferin ëfters ze dinn.

“Manner Schockela iessen, mee dofir gudden”, esou heescht et um Internet-Site vum Schockelasbuttek. Si selwer géif sech gäre vun Zäit zu Zäit e Stéck schwaarze Schockela op der Zong zergoe loossen. Fir d’Monique Kunnert wier de schwaarze Schockela eng méi gesond Alternativ, fir net ze vill Séisses ze iessen an et gläichzäiteg mat eppes Guddem ze kompenséieren. Dat géif si och hire Clienten un d’Häerz leeën.

Den etheschen Aspekt

D’Monique Kunnert schafft fir hire Buttek mat der Chocolatière Sigôji zesummen. De Schockelas-Hiersteller aus der Belsch huet iwwer den etheschen Aspekt iwwerzeegt. Dat wier och ee vun de Grënn gewiescht, fir iwwerhaapt Schockela ze verkafen.

D’Produktioun soll a mënschleche Konditioune geschéien. Eng Aarbecht am fairen Esprit wier dem Monique Kunnert enorm wichteg, an dës wier bei Sigôji ginn. Ënner anerem géif d’Firma mat Kooperativen zesummeschaffen, fir ugemoosse Schoulunge fir d’Leit an e korrekte Salaire ze ginn.

Och ville Cliente vum ochocolats wier dësen Aspekt wichteg. D’Monique Kunnert ass frou doriwwer an houfreg op den Dram, dee si sech mat dem Schockelasbuttek erfëlle konnt.