search

/ Mann dee Knupperten an ICE-Zuch gezünt huet, soll och Medienhaiser gedreet hunn

Däitschland

|
reading time

1 min

Mann dee Knupperten an ICE-Zuch gezünt huet, soll och Medienhaiser gedreet hunn

De jonke Mann deen an Däitschland an engem Zuch mat engem Uschlag gedreet hat, soll kuerz viru senger Dot eng E-Mail un eng sëllege Medienhaiser geschéckt hunn. Dat confirméiert de Parquet vun Düsseldorf, ouni weider Detailer ze nennen.

reading time

1 min

Eng däitsch Polizistin virum ICE wou mat engem Uschlag gedreet gouf | © picture alliance/dpa | Roberto Pfeil
Eng däitsch Polizistin virum ICE wou mat engem Uschlag gedreet gouf (Foto: picture alliance/dpa | Roberto Pfeil)

De Mann sëtzt zënter e Samschdeg an Untersuchungshaft.

An engem ICE vun Oochen op Frankfurt hat hien en Donneschdegowend Knupperte gezünt, op d‘mannst 12 Mënsche goufen dobäi blesséiert.

Him gëtt versichten Doudschlag virgeheit, grad ewéi geféierlech Kierperverletzung an de Verstouss géint d‘Sprengstoffgesetz.