Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manifestatioun fir méi Sécherheet am Garer Quartier

Stad Lëtzebuerg

Manifestatioun fir méi Sécherheet am Garer Quartier

Eng permanent Policepresenz ronderëm d’Gare. Dat fuerdert eng Biergerinitiativ, déi de Samschdeg eng Manifestatioun organiséiert huet. Et ass schonn déi zweete Kéier, datt déi sech zesummen deet, fir virun allem op d'Drogekriminalitéit am Garer Quartier opmierksam ze maachen. De Samschdeg sinn iwwer 100 Leit vun der Paräisser Plaz bis virun d’Chamber marschéiert.

auto_stories

2 min

Ier et vun der Paräisser Plaz, net wäit vun der Stater Gare lassgaangen ass, hunn d’Organisateuren d’Manifestanten dozou opgeruff, friddlech ze protestéieren a sech beim Marsch iwwert de Pont Adolphe Richtung Chamber un de Code de la route ze halen. Equipéiert mat Schëlder, Loftballonen an enger Museksanlag ass et da lassgaangen.

D’Fuerderung vun de Manifestanten ass kloer: Dealere solle verhaft kënne ginn an déi Drogenofhängeg solle méi Hëllef kréien. Dofir bräicht een eng interministeriell Zesummenarbecht, seet d’Laurence Gillen, wat d’Manifestatioun mat organiséiert huet.

“D’Police kann net alles eleng maachen. Dat heescht mir brauchen een Aktiounsplang mat der Santé, mam Logement, mat der VDL. Dat géif jo och de Leit hëllefen, déi et brauchen, dat heescht déi Drogenofhängeg Leit.”

Ënnert den Demonstrante waren haaptsächlech Awunner vun der Gare. Och den ADR-Deputéierten Tom Weidig an de fréieren LSAP-Minister Franz Fayot si mat marschéiert.

Zanter der leschte Manifestatioun am September zejoert hätt sech praktesch näischt geännert. Dofir sinn Demonstranten frustréiert.

Extraite vun Demonstrantenplay_arrow

Um kuerz virun 12 Auer sinn déi iwwer 100 Manifestanten dann um Krautmaart ukomm. Eng sécher Gare géif och ee séchert Lëtzebuerg bedeiten, huet et nach an der Ried virun der Chamber geheescht, ier sech d’Manifestatioun da lues a lues erëm opgeléist huet.


D'Sophie Schroeder war fir eis op der Plaz

Lauschterenplay_arrow