Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manifestatioun am Stater Quartier fir op d'Sécherheetssituatioun opmierksam ze maachen

Stad Lëtzebuerg

Manifestatioun am Stater Quartier fir op d'Sécherheetssituatioun opmierksam ze maachen

Op der Stater Gare war de Samsdeg eng Demonstratioun fir op de Manktem u Sécherheet am Garer Quartier opmierskam ze maachen.

auto_stories

1 min

Eng 600 Leit hate sech op der Stroossbuerger Plaz versammelt a si bis bei d‘Chamber getrëppelt. Dorënner Geschäftsleit, Residenten an och eng Partie Politiker. D‘Demonstratioun wier roueg verlaf, heescht et vun der Police. Organiséiert gouf de Protest-Marsch vu Bierger aus dem Garer Quartier iwwer e private WhatsApp-Grupp mam Numm «Quartier Gare – sécurité».