D‘Parking-Tariffer fir SUVen an aner grouss a schwéier Autoe klammen elo vu 6 op 18 Euro pro Stonn an den zentrale Paräisser Arrondissementer, a vu 4 op 12 Euro d‘Stonn an den anere Bezierker. Déi nei Tariffer sollen am September a Kraaft trieden.
Paräisser Awunner, déi eng Vigentte hunn, mussen déi nei Tariffer nëmme bezuele wa se zum Beispill aus den äussere Bezierker an den Zentrum fueren an do parken.
Déi sozialistesch Paräisser Buergermeeschterin Anne Hidalgo rechtfäerdegt dee méi deiere Parking doduerch, datt grouss a schwéier Autoe méi géife verknaschten, méi geféierlech wiere fir Foussgänger a Cyclisten, a méi Plaz anhuelen.