Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Popfilter  |  Doechii - Anxiety

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Majoritéit dofir: Grouss a schwéier Autoe mussen zu Paräis méi bezuele fir ze parken

Paräis

Majoritéit dofir: Grouss a schwéier Autoe mussen zu Paräis méi bezuele fir ze parken

Zu Paräis musse grouss a schwéier Autoen an Zukunft dräimol méi bezuele fir an der Stad ze parken. Dat huet eng knapp Majoritéit vu 54% vun den Awunner gëschter bei engem Referendum decidéiert. 1,3 Millioune Leit waren opgeruff ofzestëmmen, mee nëmme knapp 6 Prozent hu mat gemaach.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
(Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow)

D‘Parking-Tariffer fir SUVen an aner grouss a schwéier Autoe klammen elo vu 6 op 18 Euro pro Stonn an den zentrale Paräisser Arrondissementer, a vu 4 op 12 Euro d‘Stonn an den anere Bezierker. Déi nei Tariffer sollen am September a Kraaft trieden.

Paräisser Awunner, déi eng Vigentte hunn, mussen déi nei Tariffer nëmme bezuele wa se zum Beispill aus den äussere Bezierker an den Zentrum fueren an do parken.

Déi sozialistesch Paräisser Buergermeeschterin Anne Hidalgo rechtfäerdegt dee méi deiere Parking doduerch, datt grouss a schwéier Autoe méi géife verknaschten, méi geféierlech wiere fir Foussgänger a Cyclisten, a méi Plaz anhuelen.

live

Live