Radioen

On air

Notturno  |  Ibibio Sound Machine - Pull the Rope

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Macron fuerdert Wafferou - Netanjahu widdersprécht sech selwer

Noen Osten

Macron fuerdert Wafferou - Netanjahu widdersprécht sech selwer

De franséische President Emmanuel Macron huet eng Wafferou fir d‘Gazasträif gefuerdert. Déi zivil Affer, Kanner, Fraen an eeler Leit, déi den Asaz vun der israeelescher Arméi fuerdert, wieren inacceptabel, sot hie gëschter. Israel soll ophalen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

D‘Äntwert vum israeelesche Premier Benjamin Netenjahu koum prompt: net Israel wier responsabel fir d‘Leed vun der ziviller Populatioun, mee d‘Hamas, huet hien op X geschriwwen.

Zanter dem Optakt vum Krich viru fënnef Woche sollen an der Gazasträif méi ewéi 11.000 Leit ëmkomm sinn, seet d‘Hamas. Dës Zuele sinn net onofhängeg iwwerpréift. 2.700 Leit si vermësst, an iwwer 27.000 Mënsche goufe blesséiert.

De Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun Tedros Ghebreyesus huet virum UNO Weltsécherheetsrot vun enger absolut katastrophaler Situatioun geschwat. An der Moyenne géif all zéng Minutten e Kand an der Gazasträif stierwen. Et gi 36 Spideeler an dësem Territoire: 20 sinn der entretemps ausser Betrib.

Iwwerdeems widdersprécht den israeelesche Regierungschef Netanjahu mat Aussoen iwwer d‘Zukunft vun der Gazasträif. Déi israeelesch Arméi wéilt d‘Kontroll do behalen, an dat kenger anerer internationaler Kraaft iwwerloossen, sot hien an enger Reunioun mat Vertrieder vun israeelesche Grenzstied. Gëschter hat hie gesot, Israel wéilt d‘Gazasträif weder erueweren, nach regéieren oder besetzen.

D‘Küsteregioun misst awer entmilitariséiert an deradikaliséiert ginn, ier se erëm soll opgebaut ginn.