arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron: US-Handelspolitik wëll Europa schwächen an ënnerwerfen

Weltwirtschaftsforum

|
headphones

3 min

Macron: US-Handelspolitik wëll Europa schwächen an ënnerwerfen

De franséische President Emmanuel Macron huet a senger Ried zu Davos kritiséiert, datt d‘US-Handelspolitik maximal Concessioune géif verlaangen an Europa oppen schwächen an ënnerwerfe wéilt. 

headphones

3 min

Franséische President Emmanuel Macron um Weltwirtschaftsforum zu Davos | © EPA/GIAN EHRENZELLER
Franséische President Emmanuel Macron um Weltwirtschaftsforum zu Davos (Foto: EPA/GIAN EHRENZELLER)

Als Reaktioun op d’Zolldroungen vum US-President Donald Trump huet de franséische President Emmanuel Macron d’US-Handelspolitik kritiséiert. Déi géif vill Zougeständnisser verlaangen an oppen drop ofzielen, Europa ze schwächen.

A senger Ried um Weltwirtschaftsforum zu Davos hat de Macron vu staarken Handelsinstrumenter vun der EU geschwat, déi D’EU och asetze misst wann si vun den USA net respektéiert géif ginn. Hien huet och op en Neits déi sougenannt Handels-Bazooka vun der EU erwäänt fir sech géint Erpressung ze wieren.

Zu dësem Instrument gehéiere Géigemesure wéi Douanestaxen, Handels-Restriktiounen oder nach limitéierten Accès op ëffentlech Programmer oder Finanzmäert. Wéi genee d‘EU op dem Trump seng Menace wëll reagéiere soll an zwee Deeg zu Bréissel op engem ausseruerdentleche Sommet diskutéiert ginn.

G7-Sommet 

Gläichzäiteg huet Frankräich aktuell d’Presidence vun de G7-Staaten. Ee G7-Sommet ass net geplangt. Zu Davos sot den Emmanuel Macron awer, datt een sou ee kéint notzen, fir nees méi op Zesummenaarbecht ze setzen: 

“Eist Zil ass et, am Kader vum G7 ze weisen, datt déi grouss Muechte vun der Welt, nach ëmmer an der Lag sinn, eng gemeinsam Diagnos zur Weltwirtschaft ze maachen, a fir sech konkrete Mesuren ze verflichten. Zesummenaarbecht heescht net, aneren d’Schold ginn. Et geet dorëms Verantwortung ze iwwerhuelen an zu Léisunge bäizedroen. D’Zil vun dësem G7 Sommet ass et dofir, ee Kader fir des Zesummenaarbecht ze kreéieren, fir d’Ursaache vun dësem Ongläichgewiicht ze bekämpfen.”  

Aus engem eventuelle G7 Treffen dierft allerdéngs fir elo mol näischt ginn. Den Donald Trump géif den Ament net plangen op Paräis ze reesen. Och Russland an Dänemark sollen bei dësem Trëffen dobäi sinn. Aus dem Kreml koum och schonn eng Reklamatioun. De Spriecher Dimitri Peskow huet matgedeelt, datt Moskau nach keng Invitatioun fir op Paräis kritt hätt. 

Trump: "Keen Zeréck" bei Grönnlandpläng 

Den US-President huet sengersäits viru senger Arrivée muer um Weltwirtschaftsforum ugekënnegt, hie géif zu Davos een Treffen organiséieren, fir mat verschiddene Länner iwwer Grönland ze schwätzen. Parallel sot hien, datt et „keen Zeréck“ bei sengem Plang fir Grönland ze annektéiere géif ginn.

Den Donald Trump huet Frankräich antëscht mat Douanestaxe vun 200 Prozent op Wäiner a Schampes gedrot, well Frankräich net deel vum Friddensrot wëll sinn, am Kader vum US-Friddensplang fir d’Gazasträif.

Von der Leyen versprécht ferm EU-Reaktioun 

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet um Weltwirtschaftsforum eng ferm Äntwert op d‘Trump-Menacë versprach, esouwuel ronderëm Grönland wéi och zu den Douanestaxen.