Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - The Heart Of Saturday Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ MSF Lëtzebuerg: Situatioun am Al-Shifa Spidol verschlechtert sech weider

Gaza

MSF Lëtzebuerg: Situatioun am Al-Shifa Spidol verschlechtert sech weider

Wéi Médecins sans frontieres Lëtzebuerg mellen, hätt d'Situatioun am Spidol Al-Shifa, dem gréisste Spidol an der Gazasträif sech weider verschlechtert. Wéi en Dokter vun MSF deen op der Plaz ass matdeelt, wier weder Elektresch nach Iessen oder Waasser do.

auto_stories

1 min

E puer Meter vum Spidol ewech wier iwwerdeems eng Ambulanz attackéiert ginn. Ronderëm d’Spidol wieren iwwerall Blesséierter, déi wéilten an d‘Spidol eragelooss ginn. An der aktueller Situatioun wier et onméiglech hinnen ze hëllefen.

Aktuell wiere ronn 600 Blesséierter am Spidol, dorënner 37 Puppelcher. Wéi de Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, matdeelt, wieren  antëschent 7 Puppelcher am Al-Shifa-Spidol verstuerwen.