search

/ Wéinst Rass an enger Fënster: Luxair-Maschinn mat Sécherheetslandung zu Madrid

Ënnerwee fir op Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

Wéinst Rass an enger Fënster: Luxair-Maschinn mat Sécherheetslandung zu Madrid

Eng Maschinn vun der Luxair huet gëschter missen um Vol vum kapverdianesche Sal op Lëtzebuerg eng Sécherheetslandung zu Madrid maachen. Dat well e Rass an enger Fënster vun der Boeing 737-700 entstane war.

headphones

1 min

Luxair Boeing 737-700 | © Bigstock
Luxair Boeing 737-700 (Foto: Bigstock)

An engem Communiqué vun der Luxair heescht et, datt sech op der Plaz ëm d‘Passagéier gekëmmert géif ginn. Haut um Dënschdeg sollen d‘Leit mat engem Ersatzvol op Lëtzebuerg zeréck bruecht ginn.

Et hätt zu kengem Moment eng Gefor fir d‘Passagéier bestanen, esou nach d'Luxair an hirem Communiqué.