search

/ Luxair an eng Rei aner Fluchgesellschafte soe Vollen op Dubai of

Fluchverkéier

|
headphones

1 min

Luxair an eng Rei aner Fluchgesellschafte soe Vollen op Dubai of

D‘Luxair huet um Samschdegmoien hire geplangte Vol op Dubai annuléiert. Um 6:40h sollt dee starten. De Fluch steet awer fir muer ëm déi selwecht Zäit um Programm. Als Ursaach ass déi ugespaante Situatioun am Noen Osten genannt ginn. Ënner anerem den Drock vun den USA op den Iran hëlt ëmmer méi zou.

headphones

1 min

Luxair | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Luxair (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Och aner Fluchkompanien hunn hir Volle verluecht. Notamment fléien d‘Air France a British Airways haut um Samschdeg och net op Dubai. Déi hollännesch Fluchgesellschaft KLM huet annoncéiert, verschidde Liaisounen an d‘Regioun elo emol ze suspendéieren. 

Analys ofgeschloss - Grond fir Noutlandung vun der Luxair zu Nice gewosst

En Donneschdeg huet eng Luxair Maschinn zu Nice missen noutlanden. Schold war finalement e Feelermessage vun engem Sensor, wéi RTL mellt. Inspekteren a Mecanicien hätten dat elo op der Platz, no enger Analyse vun der Maschinn erausfonnt. Et gouf domat zu kengem Ament eng gréisser Gefor fir Passagéier an d‘Crew, esou d'Luxair bei RTL.