Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Diamond Dancer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lizenze fir de Cargo-Handling erdeelt, Gewerkschaften nach net zefridden

Luxair-Cargo

Lizenze fir de Cargo-Handling erdeelt, Gewerkschaften nach net zefridden

D’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes huet am Cargo-Handling um Findel zwou Lizenze fir d’Firme Luxcargo Handling S.A. an un déi griichesch Goldair Handling S.A. ugekënnegt. D’Gewerkschafte verlaangen elo nach Äntwerten op d’Froe vun de Mataarbechter vu Luxair-Cargo.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’Ännerungen am Cargo-Handling um Findel wieren e Virschlag vum Flughafe-Bedreiwer Lux-Airport gewiescht, heescht et vun der Yuriko Backes am 100,7 Interview.

"Hei si mir am Kader vun enger Procédure ouverte européenne. Lux-Airport ass d'Entité gestionnaire. Si hunn d'Kandidaturen analyséiert, a mir recommandéiert, deenen zwou Gesellschaften d'Lizenzen auszestellen."

D’Aktivitéite vum Cargo-Handling wäerten also vun der Cargolux-Duechter Luxcargo Handling iwwerholl ginn.

D’Zukunft vum Personal am Prinzip ofgeséchert

Wat d‘Personal betrëfft, haten d‘Luxair an d‘Cargolux schonn ofgemaach, datt déi iwwer 1.000 betraffe Luxair-Mataarbechter bei déi nei Cargolux-Filial wiesselen. Deen Transfert soll d‘nächst Joer tëscht Mäerz a Juli geschéien, heescht et an enger interner Nott vu Luxair, déi eis virläit.

Virun eppes méi wéi engem Mount haten d’Mataarbechter vu Luxair-Cargo e Protest-Piquet um Findel organiséiert. Si soten deemools, si hätten Angscht ëm hir Aarbechtsplazen.

D‘Gewerkschafte sinn nach net rassuréiert

Déi dräi Gewerkschaften LCGB, OGBL an NGL-SNEP weise sech an engem Communiqué de Moie weider besuergt iwwer d‘Zukunft vun de Luxair-Cargo Mataarbechter, a si äussere Kritik un der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes. Ënner anerem de Paul Araujo vum LCGB ass nach net zefridde mat der Reaktioun vun der Ministerin.

“Well och do ass et wichteg, dass d’Madamm Ministesch elo d’Leit kontaktéiert. Vu datt si jo u sech stellvertriedend ass fir de Staat. Deen u sech majoritär en Aktionär ass souwuel bei Luxair wéi och bei Cargolux.”

Gewerkschaften: Elo séier d‘Iwwerféierung vum Personal plangen

De Paul Araujo seet, et wier wichteg datt d’Yuriko Backes kloer d’Mandat un hir Leit géif ginn, déi an de Conseile vun de betraffene Betriber sëtzen. Et misst ee schnellstent mat de Verhandlungen ufänken, fir datt d’Froe vun den Aarbechter och gekläert kéinte ginn.

Et missten elo Äntwerte kommen, heescht et weider vum LCGB. Et géif ee kloer virun engem Konflikt um Findel stoen. D’Leit géifen et einfach net méi packen.

“Ech mengen, et ass eng Situatioun wou se lo iwwer Méint a Méint waarden a waarden a waarden a si wëssen net wéi d’Zukunft ass, an et geet elo duer. Et geet einfach duer.”

De Luxair Direkter Gilles Feith sot gëschter op eis Nofro hin, datt d’Luxair, elo wou d‘Lizenzen attribuéiert sinn, géif kucken, fir d‘Transitioun ze organiséieren. Et wéilt een erreechen, datt de Cargo-Handling ouni Ënnerbriechung um Findel kéint weidergeféiert ginn.

Lauschterenplay_arrow