Radioen

On air

Notturno  |  Steve Gunn And David Moore - Painterly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luxair Cargo: Keng Garantië fir d'Personal

Fracht-Handling

Luxair Cargo: Keng Garantië fir d'Personal

D‘Luxair-Direktioun huet gëschter an der Reunioun mat de Gewerkschaften LCGB an OGBL keng weider Garantië gi fir d‘Personal, dat am Cargozenter schafft.

auto_stories

1 min

D‘Luxair hëlt net un der Ausschreiwung fir de Cargozenter am Beräich Fracht-Handling Deel. 1.200 Luxair Mataarbechter ginn deemno an eng nei Handling-Firma transferéiert. D‘Gewerkschafte fuerdere Garantien iwwer d‘Aarbechtplazofsécherung, grad ewéi den Erhalt vum Kollektivvertrag vum Luxair Group. Dozou huet d’Direktioun keng weider Prezisioune ginn.

Dee Kollektivvertrag leeft Enn des Joers aus, an d‘Gewerkschaften hu vun der Luxair-Direktioun d‘lescht Woch an engem Bréif Neiverhandlunge gefuerdert.