Mat véier Millioune Stëmme Réckstand huet hie géint de Lula verluer. Dat no engem ugespaante Waldag, deen duerch e Verréckele vun den Ëffnungszäite vun de Walbüroe gepräägt war.
Nodeems de Lula bei der éischter Ronn nach hanner dem Bolsonaro erauskomm ass, konnt hie sech elo d'Victoire sécheren a gëtt fir d'véierte Kéier brasilianesche President.
Ëffnungszäite goufe verréckelt
De Waldag war gepräägt vun enger Decisioun vum ieweschte Geriicht, d'Wal ëm zwou Stonnen ze verlängeren. Dat nodeems dem Lula seng Walkampfekipp sech iwwer Behënnerungen am ëffentleche Verkéiere beschwéiert hat.
Och de Flávio Bolsonaro war domat d'Accord.
Déi sech virdrun enthalen hunn, si lo nees wiele gaangen
Nach am éischten Tuer hate sech 33 Millioune Brasilianer:innen dogéint entscheet, wielen ze goen. Ënner anerem en Deel vun deene krut de Lula iwwerzeegt am zweeten Tuer wielen ze goen a fir hien ze stëmmen.
A senger Erklärung no der Victoire huet de Lula versprach, seng Regierungsféierung ze änneren, an datt een eng Amëschung vu baussen iwwerwonnen hätt.
Iwwerdeems wier seng Wal "eng Nidderlag fir d'Ligen" an huet zouginn, datt et him onangeneem war géint de Flávio Bolsonaro ze debattéieren. Deen huet hien iwwerdeems als "Vertrieder vun de Milizen" bezeechent.
Bolsonaro gesteet seng Defaite net an
De Flávio Bolsonaro huet de Prozess vun de Walen als "Sauerei" bezeechent. Hie sot, et wier fir hien ,eng Defaite unzeerkennen an hie wéilt probéieren, d'Wal annuléieren ze loossen.
Text vun eisem Korrespondent aus Brasilien Jean-Claude Jerez