Radioen

On air

9 bis 1  |  Maehila - Sérénité

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden versprécht "respektvoll Gespréicher"

Chamberwalen 2023

Luc Frieden versprécht "respektvoll Gespréicher"

D'CSV ass kloer stäerkste Partei a wäert eng nächst Regierung forméieren. D'Freed war grouss an der Walzentral vun der konservativer Partei an den Applaus, wéi hire Spëtzekandidat op d'Bün geklommen ass, grouss. De Luc Frieden war dann och ganz däitlech.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

De Luc Friedenplay_arrow

"Déi blo-rout-gréng Majoritéit gëtt et net méi. Dës Regierung ... (Applaus) D‘Lëtzebuergerinnen an d'Lëtzebuerger hunn der CSV haut de kloren Optrag ginn, déi nächst Regierung ze bilden."

D'CSV wéilt elo am Respekt vum Walresultat an a respektvolle Gespréicher eng staark Majoritéit an der nächster Chamber forméieren.

Eng Regierung, déi programmatesch beienee passt an eng staark Majoritéit an der Chamber huet, dat sinn der CSV hir Uspréch un e méigleche Koalitiounspartner, sot den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden den Owend am 100,7-Interview. Mat konkrete Gespréicher, wéilt seng Partei awer waarden, bis dat definitiivt Walresultat virläit.

"Ech hunn deenen anere Spëtzekandidaten allen dräi ugeruff, fir mat hinnen d'Walresultat géigesäiteg ze beschwätzen, an alles aneschters maache mir an deenen nächsten Deeg."

D'CSV huet awer kee Sëtz bäigewonnen, wéi et elo ausgesäit. D'Resultat konnt een awer stabiliséieren. Geet dat dem Luc Frieden perséinlech duer, oder hätt dat kënne besser sinn?

"Fir mech geet et bei Wale ëmmer bei Null un, an ech fannen, wann een 21 Sëtz kritt an engem Land, wou et esou vill Parteie ginn, dann ass dat fir mech eng ganz grouss Satisfaktioun. Dat si siwe Sëtz méi wéi déi zweete Partei. An ech mengen dat eleng schwätzt eng kloer Sprooch."