Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Himalion - White Whale Feat. JT Bates

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden um NATO-Sommet: Et kann ee Grenzen net mat Gewalt veränneren

NATO-Sommet

Luc Frieden um NATO-Sommet: Et kann ee Grenzen net mat Gewalt veränneren

Et wier een an enger Geforesituatioun, wéi ee se nach ni virdru gehat hätt. Dat seet de Premier Luc Frieden, deen zesumme mam Vize- an Ausseminister Xavier Bettel fir Lëtzebuerg op Washington gereest ass. Do war dës Woch den NATO-Sommet, deen um Donneschdeg op en Enn gaangen ass.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
Foto: SIP / Julien Warnand

Gëschter gouf zu Washington d'Ofschloss-Deklaratioun ënnerschriwwen. Déi 32 NATO-Memberlänner hunn an der amerikanescher Haaptstad - och a Presenz vum ukrainesche President Selenskyj - decidéiert, hir militäresch Hëllef an Ënnerstëtzung fir d'Ukrain weider auszebauen an deemno geschlosse géint Russland ze stoen. 

"Sécherheet ass net méi assuréiert

Et géing awer ëm méi wéi just ëm d’Ukrain goen, betount de Premier Luc Frieden.

"Et geet drëm, datt eis Sécherheet net méi assuréiert ass. An duerfir ass den Haaptpunkt am Fong vun dësem Sommet fir ze soen, mir mussen eis Wäerter verdeedegen. Mir brauchen eng Welt, déi baséiert op Rechtsstaatlechkeet. Et kann een d'Grenzen net mat Gewalt änneren, an duerfir musse mer eis militäresch besser opstellen."

Luc Friedenplay_arrow

Zwee-Prozent-Zil bis 2030

Dofir misst all Land a seng Verdeedegung investéieren. Déi meescht Länner géifen haut schonn op d‘mannst 2 Prozent vun hirer Wirtschaftsleeschtung ausgi fir d‘Verdeedegung, erkläert de Premier. 

Dofir géif och Lëtzebuerg an deenen nächste Joren dat Zwee-Prozent-Zil ustriewen.

Eng formell Invitatioun fir Member vun der NATO ze gi krut d’Ukrain um Sommet zu Washington net. De Premier Luc Frieden ass der Meenung, datt dat keng Fro ass, déi sech wärend dem Krich stellt. D’Perspektiv wier awer kloer, datt d’Ukrain an d’Richtung vun der NATO-Memberschaft geet.