De Luc Frieden hat gesot, datt ee sech net sollt drop fokusséieren, wat verschidde Medie géife schreiwen. Hie géif sech Medie wënschen, déi déi ekonomesch a sozial Problemer méi am Fong géifen ugoen. Déi Aussoe waren op gréisser Kritik gestouss.
A senger Äntwert op d‘parlamentaresch Fro widderhëlt de Premier eng Wieder net. Hie preziséiert just, datt hie fir eng fräi, pluralistesch a professionell Press wier.
A wann een d‘Initiative géif kucken, déi d‘Regierung geholl hätt, fir de Pluralismus an de Medien ze stäerken an den Accès zu Informatioune fir Journalisten ze verbesseren, kéint een net drun zweiwelen, datt d‘Regierung fir Pressefräiheet ass.