Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden nennt bis zu "10 Krittäre" fir d'Fro, wie Lëtzebuerger EU-Commissaire gëtt

EU-Sommet

Luc Frieden nennt bis zu "10 Krittäre" fir d'Fro, wie Lëtzebuerger EU-Commissaire gëtt

Déi 27 Staats- a Regierungscheffen hunn d'Chrëschtdemokratin Ursula von der Leyen als EU-Kommissiounspresidentin nominéiert. Gréng Luucht gouf et och fir de portugisesche Sozialist António Costa als EU-Conseilspresident a fir déi liberal Kaja Kallas aus Estland als EU-Aussebeoptraagten. Dorop, wien d’Lëtzebuerger Regierung als EU-Commissaire wäert nennen, wollt sech de Premier Luc Frieden net festleeën.

auto_stories

3 min

EU-Staats- a Regierungscheffen zesumme mam Wolodymyr Selenskyj | © European Union
D'EU huet zu Bréissel och e Sécherheetsaccord mat der Ukraine ënnerschriwwen

D'EU ass an der Suite vun den Europawale vum 9. Juni amgaang déi wichtegst Positiounen ze besetzen. Matzen an deem Prozess wëllt de Premier Luc Frieden (CSV) net soen, datt et fir d'CSV an d'DP just a Fro kënnt, de Christophe Hansen (CSV) als Lëtzebuerger EU-Commissaire ze proposéieren, esou wéi déi zwou Regierungsparteien dat de leschten Hierscht an hire Koalitiounsverhandlungen ofgemaach hunn.

Luc Frieden: Déi verschidden Etappen an der Prozedur respektéieren

Zu Bréissel huet de Luc Frieden an der Nuecht virun der Press vun engem Prozess mat méi Etappe geschwat. Hie géif nolauschteren an nodenken. Dobäi géif hie bis zu 10 Krittäre consideréieren. 

"D'Walresultat ass selbstverständlech e ganz wichtegt Element. De Koalitiounsaccord ass een Element, och d'perséinlech Walresultater bei den Europawale kann en Element sinn. Ech hunn op d'mannst eng 10 Krittären am Kapp, iwwer déi ech nach wëll nodenken."

Ënner anerem wéilt hien och fir d'éischt mat der designéierter neier EU-Kommissiounspresidentin iwwer där hir Virstellunge schwätzen, éier d'Lëtzebuerger Regierung sech géif festleeën: "Virdru ware mir an engem reng Lëtzebuerger Kontext, haut si mir an engem europäesche Kontext. Déi Diskussioun ronderëm Topjobs, déi ass jo eréischt an de leschten zwou Wochen intensiv geféiert ginn, an där hunn ech mech aktiv bedeelegt."

Medieninformatiounen no hätt den däitsche Kanzler Olaf Scholz, Verhandlungsféierer vun den europäesche Sozialdemokraten, de Luc Frieden gefrot, fir net de Christophe Hansen (CSV) als Commissaire ze proposéieren, mee den Nicolas Schmit (LSAP), Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokrate bei de leschten Europawalen.

Olaf Scholz: Keng Confirmatioun iwwer eng Demande un de Luc Frieden

De Luc Frieden wollt trotz Nohaken net soen, ob dat stëmmt. Hien hätt um Donneschdeg mam Olaf Scholz geschwat, mee hie géif näischt iwwer den Inhalt verroden:

"Ech schwätzen Iech net aus deenen detailléierte Gespréicher, déi ech mat deenen eenzele Regierungscheffen hunn. Ech hunn och e Gespréich mam Olaf Scholz geféiert, ech hunn och Gespréicher mat anere Regierungscheffen an Europa geféiert, dat ass meng Roll, dofir kommen ech och op Bréissel."

Den Olaf Scholz huet op Nofro vum radio 100,7 net confirméiert, datt hien effektiv eng Demande un de Lëtzebuerger Premier hat, fir den Nicolas Schmit ze nominéieren. Hie sot just, den Nicolas Schmit wier e gudden EU-Commissaire gewiescht: "Ich bestätige, dass Nicolas Schmit ein ganz toller Kommissar war und ein großartiger Spitzenkandidat"

18. Juli stëmmt EU-Parlament iwwer Kommisisounscheffin of

Iwwer déi 27 EU-Commissairë wäert d'Europaparlament am Hierscht ofstëmmen. Fir d'éischt muss awer d’Majoritéit vun de 720 Europadeputéiert den 18. Juli d'Nominatioun vun der Ursula von der Leyen guttheeschen. 

Den EU-Sommet war wéi gewinnt op zwee Deeg ugesat, an et ware schwiereg Verhandlungen tëschent de Staats- a Regierungscheffe virausgesot ginn. Um Enn koum et anescht: Den EU-Sommet war kuerz no Mëtternuecht no manner wéi néng Stonnen ofgeschloss. Den zweete Sommets-Dag gouf domat ofgesot. 

Nieft den europäesche Spëtzeposten huet den EU-Sommet eng Strategie decidéiert, déi déi grouss Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer festhält. Eens waren d'europäesch Leadere sech ënner anerem, datt déi 27 Länner méi an d'Defense investéiere sollen. Wou genee déi néideg Moyenen hierkomme sollen, gouf awer opgehalen.