Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden mécht der NATO ee Verspriechen

BESUCH BEIM NATO-GENERALSEKRETÄR

Luc Frieden mécht der NATO ee Verspriechen

Lëtzebuerg engagéiert sech, zwee Prozent vu sengem RNB fir d‘Defense auszeginn. Dat Zil, wat d‘NATO hire Membere virgëtt, soll an de nächste fënnef bis zéng Joer erreecht ginn, sou de Luc Frieden géintiwwer dem NATO-Generalsekretär. De Plang doriwwer soll um NATO-Sommet zu Washington presentéiert ginn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Den neie Premier Luc Frieden an den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg. (Foto: NATO)

Lëtzebuerg huet an de leschte Jore säi Budget fir d’Defense staark an d’Luucht gesat. Nach 2014 huet de Grand-Duché 190 Milliounen Euro an d’Arméi gestach. Haut sinn et mat 573 Milliounen dräi Mol esou vill.

„Voll engagéiert, fir op déi zwee Prozent ze kommen“

Geet et dem Luc Frieden no, wäert dee Montant weider wuessen.

„Ech sinn haut hei hi komm, fir dem Generalsekretär vun der NATO ze soen, datt - obscho mir kléng sinn a keng grouss Arméi hunn - voll engagéiert sinn, fir op déi zwee Prozent ze kommen, déi fir NATO-Alliéiert virgesi sinn.“

Sou d’Annonce vum Premier op der Pressekonferenz an der Nato-Zentral zu Bréissel. Um nächste Sommet vun der Nord-Atlantik Allianz am Juli d’nächst Joer zu Washington wëll déi nei Regierung ee Plang dofir virleeën, deen dofir suerge soll, datt dat Zil bannent zéng Joer erreecht gëtt.

Dem NATO-Generalsekretär huet dat gefall.

„Lëtzebuerg ass een héich appreciéierten Alliéierten. Ee Grënnungsmember vun der NATO viru bal 75 Joer.“

Dat waren d'Wieder vum Jens Stoltenberg. Een Alliéierten allerdéngs, dee bis elo, trotz der Hausse vum Depense-Budget wäit, ënnert den zwee Prozent vum PIB läit, déi d’NATO vun hire Membere verlaangt.

Vun 0,71 op 2 Prozent: Nach ee wäite Wee

Dem Verdeedegungs-Ministère no läit dee Budget elo nämlech bei 0,71 Prozent vum PIB, woumat de Grand-Duché nach ëmmer d’Schlussliicht op der Lëscht vun den 31 NATO-Memberen ass.

Am Summer hat sech d’Regierung um NATO-Sommet eng Extra-Wurscht ausgehandelt. Et gouf schrëftlech festgehalen, datt an Zukunft net méi de PIB, ma den RNB, also de Revenu National Brut, bei deem d’Frontalieren erausgerechent ginn, soll als Basis geholl ginn, fir den Undeel vun der Defense ze berechnen. Dozou Erklärunge vum Jens Stoltenberg.

„Dat reflektéiert, datt d’Ekonomie zu Lëtzebuerg anescht ass. Dat ass een techneschen Detail. Wichteg ass, datt Lëtzebuerg prett ass, zwee Prozent fir d’Defense auszeginn an dat appreciéieren ech ganz vill.“

Jens Stoltenberg prett, ze hëllefen

Duerch déi nei Rechnung géif de Grand-Duché, fir op zwee Prozent ze kommen, zwar all Joers 500-600 Milliounen Euro “spueren”. De Budget léich dann awer ëmmer nach wäit iwwer enger Milliard Euro.

Dat ass vill fir ee Land mat enger Arméi vun ënner Dausend Zaldoten. Mécht et Sënn, sou vill Suen doran ze stiechen? D’Fro un den NATO-Generalsekretär. Seng Äntwert ass, kloer: Jo. Et géife vill Beräicher ginn, wou Lëtzebuerg investéiere kann, sou de Jens Stoltenberg, a mat Bléck op de Luc Frieden, deen nieft him stoung.

„Wann et Problemer gëtt, zwee Prozent auszeginn, kann ech iech hëllefen. Mir hu vill gutt Méiglechkeeten dofir an der NATO. Mir hunn zum Beispill ee groussen Hëllefsplang fir d’Ukrain. Wann der also nach een Iwwerschoss u Suen hutt, kann ech déi do dra stiechen.“

Neie Plang: Detailer kommen eréischt

Wou awer wëll de Luc Frieden déi méi Sue konkret ausginn? Wat soll an deem Plang stoen, mat deem hien op Washington fiert?

Et wier ze fréi doriwwer Detailer ze ginn, sou de Premier. Et misst een déi Sue jo net all an de réngen Equipement vun der Lëtzebuerger Arméi stiechen.

„Et wäert eng Mëschung sinn, déi et eis erlaabt, bannent den nächste fënnef bis zéng Joer dat Zil ze erreechen, wouru mir haart schaffe wäerten an de nächste Wochen. Ech kann Iech versécheren, datt ech méi ewéi ee Meeting wäert hunn, fir mat Zäiten dohin ze kommen.“

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa