Mat 88,25 Prozent ass den CSV-Premier Luc Frieden als President vu senger Partie rëmgewielt ginn. Am 100,7-Interview betount hien, datt hie “ganz frou an dankbar fir déi breet Ënnerstëtzung” ass.
Betounung op "Vollekspartei"
Trotzdeem sinn et knapp 7 Prozentpunkte manner, wéi nach virun zwee Joer. An anere Wierder: Méi wéi all 10., dee bei senger Ried virun him souz, huet net fir de Luc Frieden gestëmmt.
Esou géing hien dat awer net gesinn, erkläert de Premier. Hie wier frou, datt a senger Partei jidderee seng eege Meenung zum Ausdrock brénge kéint. Dovu géing eng Vollekspartei wéi d’CSV schliisslech och liewen.
“Jiddereen dierf seng Meenung hunn, net wéi an der Sowjetunioun.”
Dobäi kéim, datt een an zwee Joer als President och alt mol hätt missen Entscheedungen huelen, déi eben net jidderengem gefall hätten. Mee dat wier Deel vum Job, esou de Luc Frieden.
"Leit wëlle Verantwortung iwwerhuelen"
De Premier war och den eenzege Kandidat fir de Posten. Dobäi sinn et e puer Leit ginn, déi op d’mannst dru geduecht haten, sech och opzestellen, oder eng Kandidatur vum Luc Frieden ze verhënneren.
Och dat interpretéiert de Luc Frieden als positiv.
“Dat weist, datt et leit ginn, déi Verantwortung wëllen iwwerhuelen.”
Donieft mierkt de Premier un, datt och bei anere Parteie seele Géigekandidaten ze fanne sinn,
Parteipresident a Regierungschef: Dat eng schléisst dat anert net aus
Déi zwou Aufgaben – Regierungschef a Parteipresident – gesäit de Luc Frieden iwwerdeems als komplementar. Politik wier “ee Ganzt”, betount hien am 100,7-Interview.
E Regierungschef soll a senger Partei verankert sinn an net eleng op sengem Büro setzen, ausgeschloss vun allem. Innerhalb vun der Partei géing ee Gespréicher, Virschléi a Kriticken héieren, déi een da mat an d’Regierung huele kéint a mat de Koalitiounspartner diskutéiere kann, seet de Luc Frieden.
“Politik ass ee Ganzt. Alles, wat ech maachen, ass Gestaltung vun der Gesellschaft. D’selwecht an der Partei, wéi och an de Regierung. Dat geet zesummen. D’Haaptaufgab ass natierlech de Regierungschef.”
Wéinst héijen Energiepräisser: Eventuell Hëllefe kéinten nees sozial gestaffelt ginn
E Samschdeg hat de Premier a senger Ried och duerchblécke gelooss, datt d’Regierung prett wier, de Stéit a Betriber wéinst den héijen Energiepräisser ënner d’Äerm ze gräifen. Dat war effektiv eng Absichtserklärung, esou de Luc Frieden. Et wier d’Aufgab vun der Regierung, de Bierger:innen a Betriber ze hëllefen.
“Wann e Schock vu bausse kënnt, deen esou staark ass, datt et fir d’Leit a Betriber schwiereg gëtt, dann ass et d’Aufgab vum Staat ze intervenéieren.”
De Luc Frieden huet och erkläert, datt et bei deenen Hëllefen – wa se kommen – wuel och eng sozial Staffelung gëtt.
Erhéijung vum Mindestloun: Premier hält sech bedeckt
Och d’Inflatioun wäert duerch de Krich ugedriwwe ginn. Ob dat en Afloss huet op d’Entscheedung vun der Regierung a Saache Mindestloun, dat wollt de Premier nach net direkt soen. “Mir sinn doriwwer um diskutéieren an et muss een dat Ganzt kucken”, esou de Luc Frieden.
D’Inflatioun huet en Afloss op d’Erfale vun der Indextranche, déi geschwë kënnt. Ob eng zweet kënnt kéint de Premier awer net soen.
De Mindestloun wiisst ëmmer all zwee Joer en fonction vun der Gesamter Lounentwécklung.
D’Regierung wéisst, datt d’Leit mat engem klengen Akommes eng Augmentatioun bréichte fir ze liewen. Den Impakt dierft awer net ze negativ op d’Betriber sinn, betount de Luc Frieden.
Elo sollen den Aarbechtsminister Spautz an de Wirtschaftsminister Delles d’Gespréicher mat de Sozialpartner féieren. Doropshi wëllt d’Regierung eng Decisioun huelen.