Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden: Lëtzebuerg fir EU-Bäitrëttsgespéicher mat der Ukrain

Lëtzebuerger Premier zu Bréissel

Luc Frieden: Lëtzebuerg fir EU-Bäitrëttsgespéicher mat der Ukrain

D’EU muss der Ukrain déi finanziell Mëttelen zur Verfügung stellen, déi d’EU-Kommissioun proposéiert, an och anere Länner déi Perspektiv ginn. Dat sot de Lëtzebuerger Premier no senger Entrevue mat der Kommissiounscheffin zu Bréissel. Déi nei CSV-DP-Regierung wier eng pro-europäesch, déi sech fir eng staark EU asetzt.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
(Foto: SIP / Julien Warnand)

Seng Entrevue dësen Dënschdeg zu Paräis mam franséische President Emmanuel Macron a mam EU-Conseilspresident Charles Michel, genee wéi déi e Mëttwoch de Mëtteg mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen beschreift de Luc Frieden als "exzellent, intensiv, detailléiert an inhaltlech alignéiert."

An all deene Gespréicher wier et him wichteg gewiescht eent ze ënnersträichen: “Déi nei Regierung ass eng proeuropäesch, déi Europa a ville Beräicher wëll verdéiwen. Dat ass de grousse Prinzip, deen déi zwou Parteien an der Regierung vereent. An do gouf et och absolut keng Divergence de Vue.”

Der Ukrain an aneren eng kloer EU-Perspektiv ginn

E Mëttwoch de Mëtteg war den neie Lëtzebuerger Premier bei der EU-Kommissiounscheffin op Besuch. Net grad eng Stonn laang soutze se beineen, d’Ursula von der Leyen an de Luc Frieden, um 13te Stack am Berlaymont, wou d’Europäesch Kommissioun doheem ass.

Wärend dem Gespréich goufen och d’Sujete vum nächsten EU-Sommet Mëtt Dezember duerchgeholl.

Ee vun den Haaptsujeten war d’Ukrain, mat der Fro, ob d’Staats-a Regierungscheffen op hirem Sommet am Dezember de Startschoss ginn, fir dat Bäitrëtts-Gespréicher mam Land am Krich opgeholl ginn?

D’Kommissioun huet genee dat Uganks November recommandéiert, d’EU-Länner mussen do awer nach eestëmmeg hiren Accord ginn.

Lëtzebuerg ass dofir, sou de Luc Frieden no senger Entrevue mat der Kommissiounscheffin géintiwwer e puer Journalist:innen.

“Et ass fir Lëtzebuerg kloer, datt ee muss der Ukraine op Grond vun där Recommandatioun vun der Europäescher Kommissioun muss déi Perspektiv ginn. Dat gëllt och fir aner Kandidaten. Ech mengen datt déi Länner aus geopoliteschen, aus Stabilitéits- a Friddensgrënn mussen an d’Unioun kommen.”

De Prozess vun der Adhesioun wier sécher “schwiereg a wäert och jorelaang daueren”, sou de Premier.

EU-Budget: Lëtzebuerg steet hannert EU-Kommissioun

Ëmstridden ass den Ament och nach, wéi vill Suen d’EU an hirem nächste pluriannuelle Budget fir d’Ukrain soll prett halen.

D’Europäesch Kommissioun huet ee Posten vun op mannst 50 Milliarden Euro proposéiert. Och do stéing d’Lëtzebuerger Regierung hannert der Kommissioun, sou de Luc Frieden.

“Fir mech als Premier ass et kloer, datt eis Regierung an der Diskussioun am Dezember d’Propositioun vun der Kommissioun wäert ënnerstëtzen, datt d’Ukrain déi noutwenneg finanziell Mëttele kritt, déi proposéiert ginn.”

Ungarn huet do mat engem Veto gedreet. Hie géing hoffen, datt een déi, déi dogéint sinn nach iwwerzeegt kritt, sot dozou de Luc Frieden.

“Ech hu mam Här Orban nach näischt ze doe gehat an ech wäert seng Positiounen an säi Personnage op deem Conseil Européen am Dezember entdecken.”

An der EU steet och eng Diskussioun iwwert intern Reformen un, doriwwer wéi d’Reegelen eventuell mussen ugepasst ginn, fir datt d’Unioun zu méi ewéi 27 nach funktionéiert.

Fir een Europa “à plusieures vitesses”

Ännerunge vun den EU-Traitéën steet de Luc Frieden awer wéi déi virecht Regierung kritesch géintiwwer. Si wieren “ein Ding der Unmöglichkeit”, sou den CSV-Politiker. Senger Meenung no kéint een och “innerhalb vun den Traitéen scho vill maachen” an de Modele vun der Schengen-Zon an dem Euro do suivéieren.

“Meng Iwwerzeegung ass, datt een a verschiddene Beräicher, wa verschidde Länner dat wëllen, méi schnell muss virugoen. Mir hunn dat mam Euro gemaach, mir hunn dat mat Schengen gemaach. Natierlech muss et ëmmer op sinn fir déi aner Länner déi wëlle nokommen. Mee ech mengen, datt wa mer eng Kéier zu 30 oder méi sinn, datt een net ka waarden bis datt dee leschten och Jo gesot huet.“

EU-Spëtzekandidatesystem net ideal

D’Europawahlen 2024 sti virun der Dir. D’Ursula von der Leyen an de Luc Frieden kommen aus där nämmlechter Parteiefamill. Ënnerstëtzt de Luc Frieden eng Ursula von der Leyen als Spëtzekandidatin vun der “Europäescher Vollekspartei"?

Déi Fro géing eréischt Uganks d’nächst Joer diskutéiert, sou den Luc Frieden. Senger Meenung no hätt d’Ursula von der Leyen “eng ganz gutt Aarbecht gemaach”.

Zum System vun den europäesche Spëtzekandidaten hätt hie nach keng kloer Meenung, sou och nach de Lëtzebuerger Premier. Et wier senger perséinlecher Meenung no awer “net deen eenzegen Moyen, fir ideal Kandidaten op déi verschidde Posten ze setzen”.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.