De Formateur Luc Frieden, de Xavier Bettel, President vun der DP-Delegatioun, an de Claude Wiseler, deen d’CSV-Delegatioun leet, hunn allen dräi vu konstruktive Gespréicher geschwat. Si soten sech optimistesch, datt ee sech iwwert e Koalitiounsaccord eens gëtt.
De Rapport vun all den Aarbechtsgruppe soll bis Enn vun der Allerhellegevakanz finaliséiert sinn. D’Delegatiounen kéimen dann de 6.-8. November an enger weiderer Plenière zesumme fir driwwer ze diskutéieren. Dono gëtt et den eigentleche Koalitiounsaccord dann ausgeschafft.
E Freideg gouf déi personell Zesummestellung vun all den 12 Aarbechtsgruppe publizéiert. Ënnert dem Stréch sinn eng 100 Leit doranner vertrueden. Et si jee 4 bis 5 Persoune vun all Partei an engem Aarbechtsgrupp. Et sinn dëst gréisstendeels Parteimemberen, déi Erfarung hunn duerch fréier Verhandlungen, oder déi Expert an engem bestëmmte Beräich sinn.