Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Paprika

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden: Europa muss méi fir déi eegen Defense maachen

Aussepolitesch Chamberkommissioun

Luc Frieden: Europa muss méi fir déi eegen Defense maachen

Wéi genee Europa méi fir seng eegen Defense maache kann, dat misst nach diskutéiert ginn, esou de Constat vum Premier Luc Frieden no der aussepolitescher Chamberkommissioun um Méindeg Moien. D'Deputéiert sinn zum groussen Deel och der Meenung, datt an d'Sécherheet muss investéiert ginn, ma net onbedéngt zu all Präis. 

auto_stories

3 min

©  SIP / Jean-Christophe Verhaegen
(Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

De Premier war an der aussepolitescher Chamberkommissioun fir d'Deputéiert iwwer de Spezialsommet iwwer d'Ukrain d’lescht Woch zu Bréissel ze informéieren. 

Regierungsparteie si sech eens: et muss méi fir déi eege Verdeedegung gemaach ginn

Fräiheet brauch Sécherheet an dofir misst Europa an d'Arméien investéieren. Net fir de Krich ze preparéieren, mee fir de Krich ze vermeiden. Dat sot de Premier Luc Frieden um Bord vun der Sëtzung vun der Chamberkommissioun. Den Impakt op de Budget vum Lëtzebuerger Staat wier awer nach net evaluéiert. 

"D'Lëtzebuerger Regierung huet net decidéiert, wat si méi an der Defense mécht par Rapport zu dem, wat mir schonn annoncéiert hunn. Mir maachen all Joers méi, mee wéi mir dat genau evaluéiere loossen, dat decidéiere mir eréischt bis den NATO-Sommet. Well do muss ee jo och kucken dat Europäescht an d’Krittäre vun der Nato mateneen an en Aklang ze bréngen."

Mat Bléck op d'Entwécklung vun de Bezéiunge mat den USA ass och de President vun der aussepolitescher Kommissioun an DP-Deputéierte Gusty Graas der Meenung, datt et elo wichteg fir Europa a fir Lëtzebuerg wier, vill méi fir déi eege Verdeedegung ze maachen. Do géifen déi geplangten 2 Prozent vum RNB net méi duergoen.

"Mir kënnen eis net einfach esou ënner de Prabbeli vun den anere stellen, ouni eise Bäitrag ze leeschten, dat geet net. Mir mussen do kucken zousätzlech Efforten ze maachen."

Oprüste geet fir d'Oppositioun net duer 

Der Fraktiounscheffin vun Déi Gréng Sam Tanson ass et wichteg, datt net reng op déi militäresch Depensen axéiert gëtt.

"(...), datt mer net vergiessen, weiderhin an eis Infrastrukturen ze investéieren. Well och dat gehéiert zur Sécherheet, datt d'sozial Gerechtegkeet net verluer geet." 

Den ADR-Deputéierte Fred Keup warnt virun enger Oprüstungs-Spiral:

"Ech mengen, datt mir net dierfen eng Situatioun maachen, wou mir ëmmer méi Wettrüsten maachen. Arméien, déi funktionéieren, jo, mee net an ee Wettrüsten verfalen, wéi dat am kale Krich war. Dat ass net gutt."

Den Deputéierte vun Déi Lénk David Wagner schwätzt vun engem "ongesonde" Wee, méi Scholden ze maachen, fir méi an d’Defense ze investéieren. Hie wier fir méi Ënnerstëtzung fir d'Ukrain, mee ass och der Meenung, datt d'Oprüsten seng Limitte muss hunn.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement fuerdert, datt d'Europäer méi an hir eegen Industrie investéieren.

"Wann een nëmmen am Ausland Waffe kafe geet, virun allem iwwer de Pool, da finanzéiert een domat een amerikaneschen Opschwong, a keng europäesch Defense."

De Premier Luc Frieden huet iwwerdeems annoncéiert an den nächste Wochen mat sämtleche Parteien eenzel Kontakt ophuelen ze wëllen, fir déi national Defense-Ausgaben duerch ze diskutéieren.