De Luc Frieden huet nom Regierungsrot awer och gewarnt, virun de Konsequenze vun enger "terribeler politescher Instabilitéit" an Däitschland, Frankräich an an der Belsch.
"Déi dozou féiert, datt mir dräi net-funktiounsfäeg Regierungen an den Nopeschlänner hunn. An dat ass natierlech schlecht fir dës Länner, mee et ass och schlecht fir eis, well mir eng oppen Ekonomie sinn."
Wat d’Situatioun hei am Land ugeet, mat der Warnung dës Woch vun OGBL an LCGB virun engem Generalstreik, gesäit de Premier keng Ursaach fir ze streiken.
"Wichteg fir eis wirtschaftlech a sozial Entwécklung"
Bis Ouschterdag wëllt d’Regierung hir definitiv Positioun zum Mercosur-Accord festleeën. D’Grondpositioun wier, datt ee fir Fräihandelsaccorden ass, esou de Luc Frieden.
"Well mir mengen, dat wier wichteg fir eis wirtschaftlech a sozial Entwécklung. Et ass wichteg fir Reegelen ze hunn, iwwer Produkter, déi an Europa era kommen, datt mir nei Mäert hunn. Mir wëllen och sécher stellen, datt d’Reegelen, notamment fir d’Landwirtschaft déi nämlech sinn."
Et géif een awer och d’Suerge vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an deem Kontext verstoen, huet de Premier no senger Entrevue mat de Vertrieder:inne vum Secteur gesot. Viru Chrëschtdag wëllt de Luc Frieden och mat der FEDIL iwwert déi geplangte Fräihandelszon tëschent der EU a Südamerika diskutéieren.
Déi nämmlecht Standarde wéi fir d'Baueren aus der EU
Bei de Lëtzebuerger Bauere gëtt gefaart, datt déi national Fleeschproduktioun am Meeschten ënnert dem geplangte Mercosur-Ofkommes leide wäert. Dat seet de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer, no der Entrevue mam Premier Luc Frieden. D’Landwirtschaftskammer fuerdert, datt importéiert Liewensmëttel déi selwecht Standarden erfëllen, wéi d’Baueren aus der EU och. De Christian Hahn seet awer, hie wier u sech net géint d’Fräihandelsofkommes.
"Dat wat eis wichteg ass, datt een a sech kloer Standarde fir jiddwereen huet a ganz kloer huet all Handelsofkommes Chancen, déi och am landwirtschaftleche Beräich leien, awer meeschtens wéi bei de meeschten Handelsofkommen éischter méi op der wirtschaftlecher Säit leien. Mir sinn och e Wirtschaftsunternehmen an a sech muss eis ganz Wirtschaft dréinen, fir datt eis Länner kënnen esou weider fonktionéieren, wéi se fonctionéieren."
Ubau vun Uebst a Geméis soll méi ënnerstëtzt ginn
Déi nächst Woch ass eng zweet Ronn vum Landwirtschaftsdësch, esou eng weider Annonce vum Premier.
Am Regierungsrot gouf ee Gesetzprojet ugeholl, fir de Bau vun Zäre fir den Ubau vu Geméis an Uebst "an der Landschaft" z’ënnerstëtzen. Dat wier an de leschte Jore laang gebremst ginn, huet de Luc Frieden kritiséiert. De Projet gesäit vir, datt Investissementer an Zäre mat bis zu 40 Prozent staatlech subventionéiert gëtt. Et soll een Appel à projets dofir gemaach ginn.
Eng Ausschreiwung wäert och gemaach ginn, fir d’Installatioun vun ëffentlech zougängleche Borne fir d’Elektromobilitéit. Fir déi nächst dräi Joer sinn 30 Milliounen Euro fir déi weider Ënnerstëtzung vun Entreprisen an dësem Beräich virgesinn.