Déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllegen zu deene Frankräich, Italien, Däitschland ma och Australien, Kanada an d‘Tierkei gehéieren, wëll ënner anerem iwwer Friddenstruppe schwätzen. Frankräich a Groussbritannien wëllen dobäi d‘USA mat abezéien.
Dem brittesche Premier no wier eng grouss Zuel u Staate bereet Truppen ze stellen. Rieds geet vu bis zu 30.000 Zaldoten. Soss Detailer sinn awer nach net bekannt.