Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Skeleton Is Walking

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Loftfaartverwaltung: Ëmmer méi Nuetsflich um Findel

Aviatioun

Loftfaartverwaltung: Ëmmer méi Nuetsflich um Findel

D‘lescht Joer sinn d‘Nuetsflich um Findel massiv an d‘Luucht gaangen. Den neie Statistike vun der Loftfaartverwaltung no, goufen et d‘lescht Joer 2.553 Nuetsflich, dat heescht Flich tëscht eelef Auer owes a sechs Auer moies, wou eigentlech e Fluchverbuet besteet.

auto_stories

1 min

Déi meescht Nuetsflich si Passagéierfliger, déi an der Nuecht um Findel ukommen. Déi si virun allem zanter Abrëll d‘lescht Joer méi heefeg ginn. Verglach mam Joer virdru goufen et d‘lescht Joer an déi 1.170 Nuetsflich. Och am Verglach mat virun der Coronapandemie ass et eng grouss Hausse. 2019 goufen um Findel knapp 1.950 Nuetsflich gezielt. Dat waren der ronn 600 manner, wéi d‘lescht Joer.