Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Resonanzen  |  Franz Schubert - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Jean-Nicolas Diatkine (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pressebriefing nom Regierungsrot: Neie Schwong an de Wunnengsbau

Mossnamepak fir d'Bauhandwierk

Pressebriefing nom Regierungsrot: Neie Schwong an de Wunnengsbau

Méi Schwong an de Wunnengsbau bréngen an d‘Leit dobäi ënnerstëtze fir eng Wunneng ze kafen oder ze lounen. Dat hat d‘CSV an hirem Walprogramm stoen. No knapp aacht Wochen huet déi schwaarz-blo Regierung elo eng Rei Mesuren ugekënnegt. Haaptzil dobäi wier d‘Erhale vun der sozialer Kohäsioun.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

©  SIP / Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
(Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Et ass just eng éischt Etapp mat kuerzfristege Mesuren déi zum Deel och just fir dëst Joer a retroaktiv op den éischte Januar gëllen, erkläert de Premier Luc Frieden. Dozou gehéiere steierlech Entlaaschtunge fir de Bausecteur a fir Leit déi eng Wunneng kafen oder lounen, souwéi eng ganz Rei vu verbessert Bäihëllefen.

"Dat eent ass also fir de Bau ze encouragéieren, dat anert ass fir d'Leit déi eng Wunneng brauchen och ze 'encouragéieren. Et ass also en equilibréierte Pak dee souwuel fir d'Leit wéi fir d'Handwierk an dat ass d'Zilsetzung vun dëse Moossnamen.

De bëllegen Akt wäert deemno vun 30.000 op 40.000 Euro erop goen, de Steiertaux op de Gewënn deen ee mécht wann een eng Wunneng verkeeft geet erof. Si fält ganz ewech wann een des Wunneng fir d‘gestion locative sociale benotzt oder awer energeetesch op de Niveau 1Aplus renovéiert. 

Bierger ënnerstëtzen an de Wunnengsbau fërderen

Och de Plaffong, fir Scholdzënsen ofzesetzen, gëtt ëm en Drëttel erop gesat, eng Entlaaschtung fir Leit déi grad ofbezuelen oder e Kredit wëllen ophuelen, weider da gëtt den amortissement accéléré nees agefouert, erkläert de Finanzminister Gilles Roth.

"Et ass e Pak fir d'Bierger beim Kaf vun engem Eegenheem ze ënnerstëtzen, et ass e Pak fir de soziale Wunnengsbau ze fërderen, et ass e Pak fir den Invest an der Locatioun méi interessant ze maachen an et ass och ee Pak fir de Maart insgesamt an domadder och d'Aktivitéit ronderëm déi bestoend Wunnengen unzedreiwen."

Zwou Milliarden Euro fir Wunnengen an ëffentlecher Hand

De Staat wëll dann an de nächsten dräi Joren eng 800 weider Wunnengen um Privatmarché kafen a se dann zu bezuelbare Präisser verlounen. Dofir sollen déi nächst zwee Joer bis zu zwou Milliarden Euro an de Grapp geholl ginn. 

Generell soll den Undeel vu Wunnengen an der ëffentlecher Hand erop goen, sou de Logementsminister Claude Meisch. Dee konnt dann och op Säite vun de Bäihëllefen ukënnegen dat Menagë mat Kanner méi Loyerssubventioune wäerte kréien.

Den 22. Februar ass et dann déi nächst Etapp, do solle Staat, Gemengen an de Bausecteur sech gesi fir a grousser Ronn déi wieder Schrëtt unzegoen. 

Lauschterenplay_arrow


live

Live