Betraff sinn ënner anerem Eeër, Gefligel, Zocker, Mais an Huewer. E gewësse Kontingent soll dobäi steierfräi bleiwen. D‘EU hat Taxen no der russescher Invasioun ofgeschaaft, fir déi ukrainesch Ekonomie ze stäipen. Besonnesch osteuropäesch Baueren haten dat als illegal Konkurrenz kritiséiert.
Nodeems schonn eng ganz Rei Ëmweltoplage gekippt goufen, kënnt d‘EU de Baueren elo e weider Schrëtt entgéint.