Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liberty Steel: Zil ass et, e Repreneur ze fannen

No Faillite

Liberty Steel: Zil ass et, e Repreneur ze fannen

Bei Liberty Steel zu Diddeleng war um Méindeg an der Mëttesstonn eng Informatiounsversammlung fir d’Mataarbechter. Et wier keng einfach Sitzung gewiescht, well d’Leit vill Froen hätten, esou de Stefano Araujo vum OGBL. Dat dräi Deeg nodeem d’Faillite vun der Entreprise decidéiert gi war.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Dem Gewerkschaftler no wier et net d’Zil “de Buttek zouzemaachen”, mee fir ee Repreneur vum Galvaniséierungs-Wierk an der Industriezon Wolser B ze fannen. 

Am Wierk zu Diddeleng wier et och dorëm gaangen, déi ronn 150 Mataarbechter doriwwer ze informéieren, wéi si sou séier wéi méiglech un hir Sue kommen, huet de Stefano Araujo vum OGBL no der Sitzung erkläert.

"Well déi meescht hei si schonn zwee Méint ouni Paie. Dat ass déi éischt Prioritéit. An déi Zweet ass och, d’Leit esou ze encadréieren, dass si och verstinn, dass si mussen do sinn. Well mir brauchen d’Leit fir d’ Wierk ze iwwerwaachen an zweetens fir d’Maintenance."

Enke Kontakt mam Aarbechtsministère

D’Zil géif et also bleiwen, ee Repreneur vu Liberty Steel zu Diddeleng ze fannen, esou de Stefano Araujo.

"Et gi gutt Indicateuren: Als éischt, Clientë ruffe reegelméisseg hei u fir ze froen, wéini sidd dir rëm an der Lag ze liwweren. Well de Produit, deen hei gemaach gëtt, eenzegaarteg ass a gefrot ass. An zweetens: Mir wëssen, dass Repreneuren do sinn. D’Leit hunn och Repreneuren gesinn, hei am Wierk Visitte maachen. (...)"

Dem LCGB-Gewerkschaftler Robert Fornieri no wier een am enke Kontakt mam Aarbechtsministère, fir eng séier Léisung fir déi Beschäftegt ze fannen.

"On souhaiterai que cette avance soit faite avant les fêtes de Noël. (...) On sait aussi que ce matin le curateur était sur le site. Il a rencontré la direction. (...)"

De Robert Fornieri huet no der Informatiounsversammlung och dorun erënnert, datt déi Beschäftegt vu Liberty Steel no der Faillite keng Aarbechtsverträg méi hätten.

Georges Mischo: Site den Ament net konform

Den Aarbechtsminister Georges Mischo kritiséiert dann, datt d’Paie bei Liberty Steel déi läscht Méint net ausbezuelt gi wieren. D’ADEM wier schonns am Viraus informéiert ginn, datt Liberty Steel, am Fall vun enger Faillite, eng urgent Affär wier.

Den CSV-Minister gesäit en Transfert vun den Aktivitéiten als eng Méiglechkeet, mee et kéint een awer net am Viraus soen, wéi vill Salariéeën domat kéinten iwwerholl ginn. D’ADEM géif esou séier wéi méiglech d’Profiller vun de Beschäftegte kucken a se wa méiglech ëmorientéieren. Et géif een hoffen, datt déi staatlech Hëllefen nach des Woch deblockéiert kenne ginn, esou nach de Georges Mischo.

D’ADEM géif elo probéieren den Aarbechter:inne esou séier wéi méiglech ze hëllefen, eng nei Aarbechtsplaz ze fannen. Datt Liberty Steel vun engem Repreneur iwwerholl gëtt, wier zwar méiglech mee net ganz einfach ëmzesetzen, erkläert den Aarbechtsminister Georges Mischo.

"Also, et sinn zwee Repreneuren, déi interesséiert sinn, an do ass dann ee Repreneur, dee vill méi interesséiert ass, mee da musse mer elo kucken, well de Site eeben net konform ass am Moment, do kënnt dann net einfach du jour au lendemain 150 Leit tel quel iwwerholl ginn."

De Site an d'Maschinne missten ënnersicht ginn. Et wier also schwéier ze soen, wéi vill Leit iwwerholl kéinte ginn. 

Lex Delles weist sech enttäuscht

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet de Mëtten am 100,7-Interview kritiséiert, datt Liberty Steel et net fäerdeg bruecht hätt, dee Site zu Diddeleng um Lafen ze halen. Den DP-Minister bedauert, datt et trotz permanentem Kontakt iwwer d’Jore mam Wirtschaftsministère awer zu enger Faillite komm wier.

Elo wier et um Curateur, dem Maître Olivier Wagner, ze kucken, ob a wéi ee kéint duerfir suergen, datt de Site vun enger anerer Firma iwwerholl gëtt. 

Lauschterenplay_arrow