Radioen

On air

9 bis 1  |  World Brain - Open

play_arrow Live
search

/ Lex Delles: "Mir gesinn eis als Walgewënner"

Chamberwalen 2023

Lex Delles: "Mir gesinn eis als Walgewënner"

Bei de Chamberwale vu gëschter gouf d’LSAP déi zweetstäerkste Partei (a Prozenter), d’Partei géif zu de Walgewënner gehéieren a wier kompromëss- an dialogbereet, fir och Partner an enger neier Regierung ze sinn, esou d’Co-Presidentin Francine Closener no hirer Audienz haut beim Grand-Duc.

auto_stories

1 min

“Mir gesinn eis als Walgewënner”, esou d’Reaktioun dorop vum DP-President Lex Delles, deem seng Partei gëschter zwee Sëtz dobäi gewonnen huet.

De Lex Dellesplay_arrow

"Ech gesinn, dass d’Demokratesch Partei aus deene Walen hei gestäerkt eraus gaangen ass. Mir hu prozentual an all Bezierk bäi gewonnen. Mir sinn op 14 Sëtz komm, sou dass mir deen Usproch och hunn."

Den Parteipresident Lex Delles huet ugekënnegt, datt d’Gremie vun der DP den Owend vu siwen Auer un zu Hueschtert zesumme kommen.