Radioen

On air

Notturno  |  Colleen - Implosion-Explosion

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lex Delles: All Firma zu Lëtzebuerg muss sech un d'Reglementatiounen halen

No Kritik u Kronospan

Lex Delles: All Firma zu Lëtzebuerg muss sech un d'Reglementatiounen halen

Kronospan wier ee wichtegen ekonomeschen Acteur. Et wier awer ganz kloer, datt all Firma zu Lëtzebuerg sech misst un d’Prozeduren halen, esou d’Reaktioun vum Wirtschaftsminister Lex Delles op ee Schreiwes gëschter vun der Biergerinitiativ BIGS. 

auto_stories

1 min

Lex Delles | © MFIN / SIP
Foto: MFIN / SIP

Do war et d’Kritik, datt d’Firma an der Industriezone Gadderscheier eng Industriehal géing baue loossen, ouni Autorisatioun. Si hätt och schonn eng Verbrennungsanlag a Betrib, fir déi d'Geneemegungsprozedur nach net ofgeschloss wier.

"Et gi keng Ausname gemaach"

D’Argument vum Direkter vu Kronospan, ass déi, datt d’Geneemegungsprozeduren, an deene Länner an deenen d‘Firma aktiv ass, iwwerall anescht wieren, an datt een an den USA zum Beispill d’Autorisatiounen eréischt nodréiglech géing kréien. Dat Argument léisst de Lex Delles net gëllen.

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg eng lëtzebuergesch Reglementatioun mat lëtzebuergesche Gesetzer, un déi ee sech hei zu Lëtzebuerg, muss halen. All Firma, déi hei zu Lëtzebuerg aktiv ass, muss sech dorun halen, do gi keng Ausname gemaach.“

Wichteg wier och datt den Dialog funktionéiert, esou de Lex Delles. Den DP-Wirtschaftsminister mécht an deem Sënn een Appell un d’Firma Kronospan Kontakt mat der Biergerinitiativ opzehuelen.