arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mann aus Lëtzebuerg leeft Marathon zu London fir Sue fir Kriibsfuerschung ze sammelen

Groussbritannien

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Mann aus Lëtzebuerg leeft Marathon zu London fir Sue fir Kriibsfuerschung ze sammelen

Gëschter si beim London Marathon bal 60.000 Leefer:innen duerch d'Stroosse vun der brittescher Haaptstad gelaf. Dat sinn der esou vill wéi nach ni. Fir d'Stad an och fir d‘Leefer:inne selwer bréngt dat Erausfuerderunge mat sech.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
©  EPA/TOLGA AKMEN
(Foto: EPA/TOLGA AKMEN)

D‘Stëmmung a London ass um Dag vum Marathon eenzegaarteg. Eng vun den éischte grousse Partyen ass beim 10. Kilometer, wou d‘Streck sech duerch Greenwich zitt.

1 Millioun Aschreiwungen: Neie Weltrekord

Hei geet et laanscht historesch Gebaier vum Unesco Weltkulturierwen a laanscht d‘Cutty Sark, ee Schëff aus dem 19. Joerhonnert. D‘Trottoire vu Greenwich ware gëschter strubbelvoll. Fir vill Leefer:innen ass et en Dram, dëse Marathon eemol matzelafen, an d‘Demande gëtt all Joer méi grouss.

An der Lotterie fir ronn 20.000 Startnummeren hate sech dëst Joer iwwer 1 Millioun Leit ageschriwwen. Dat ass en neie Weltrekord.

Donieft ginn och Dausende vu Startnummeren u karitativ Organisatioune verdeelt, fir déi d‘Leefer:innen Spende sammele mussen.

Esou konnt de Wayne Codd aus Lëtzebuerg sech den Dram vum London Marathon erfëllen. Hie leeft fir d‘Organisatioun Cancer Research UK an huet sech verflicht, op mannst 2.500 Pond fir si ze sammelen. Dat ass en héije Montant, mee d‘Leit waren awer bereet ze hëllefen, sot hien.

"Well et Kriibsfuerschung ass, sinn immens vill Leit betraff. Vill Leit hu Famill oder Frënn oder si selwer betraff. Dofir hunn der vill reagéiert a wollten dës Organisatioun och ënnerstëtzen." 

Fir déi vill Leit, déi an der Lotterie oder bei den ONGe keng Chance haten, bleift nach d‘Optioun fir sech eng garantéiert Startnummer bei enger Agence ze kafen, déi sech op esou Sportsevenementer spezialiséiert.

Net un de Start goen: "Eng deier Lektioun" 

Där ginn et der ëmmer méi, eebe well d‘Lafen esou populär gouf an d‘Plaze limitéiert sinn. D‘Ella Connelly hat bei enger Agence d‘lescht Joer eng Startnummer fir London kaaft, wou d‘Hotelsiwwernuechtung mat am Präis dobäi war. Den Acompte fir dëse Package hat si scho bezuelt, wéi et op emol awer kloer gouf, datt si awer net konnt matlafen. 

De London Marathon erlaabt allerdéngs net, datt Leefer:innen, déi Dossarde vu Reesagencen oder ONGe kruten, dës op aner Leefer:innen ëmschreiwen. Och kann den Dossard net op d‘nächst Joer verluecht ginn.

"Ech sot hinnen dunn, datt ech net kënnt goen. Et war eng deier Lektioun, déi ech do geleiert hunn." 

Esou d‘Ella Connolly. D‘Marathonlafen ass fir si een eenzegaarteg Gefill.

"Et fillt ee sech wéi e Superstar fir een Dag. Mee virun allem fillt een, datt een dozou gehéiert, bei all dëse Leefer:innen, och wann een eigentlech jo eleng leeft. Dat Gefill vun der Zougehéiregkeet ass ganz speziell."

Zwee Deeg Course fir der Demande entgéintzekommen?

Fir der riseger Demande entgéintzekommen, iwwerleeë sech d‘Organisateure vum London Marathon, fir d‘nächst Joer d‘Course op zwee Deeg ze verlängeren. Esou kéinten da ronn 100.000 Leefer:innen deelhuelen an ONGe kéinten nach méi Done sammelen. 

Dat wier awer just fir 2027, well et wéilt een d‘Begeeschterung vun de Leefer:innen, de Fans an den Awunner:innen net verléieren, esou den Direkter vun der Course.

Awunner:inne vu London mussen den Dag selwer nämlech bësse Gedold hunn. Et si vill Stroosse gespaart, zemools zu Greenwich, wou de Start ass.

Gëschter ware ronn 800.000 Zuschauer ënnerwee, den ëffentlechen Transport war op Plazen iwwerlaascht. Mee de Marathon ass nach ëmmer ee ganz beléift Event. Wéi dat op zwee Deeg géing ausgesinn, ass eng aner Fro.

"Et war super. Jidderee rifft däin Numm, d‘Spectateure si fantastesch. Et ass seng super Energie."

De Wayne Codd huet seng Course gutt iwwerstanen a war begeeschtert.

play_arrow Lauschteren