Fir den Ausseminister Xavier Bettel an de Finanzminister Gilles Roth sinn Entrevuë mat Vertrieder aus der US-Wirtschaft virgesinn. De Gilles Roth ass och vun iwwermuer bis e Freideg zu Washington bei der Reunioun vum Internationale Wärungsfong dobäi.
De Wirtschaftsminister Lex Delles wäert zu Colorado Springs mat enger Rei Entreprisen an Acteuren aus der Raumfaart zesummekommen. Hie wäert do och un engem Sympisium deelhuelen. Bei dëser Konferenz am enke Krees komme Space-Expert:innen aus der ganzer Welt zesumme