Radioen

On air

Tockcity  |  Skinner - Geek Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger ONGe fuerderen Enn vum Gaza-Krich

Zivilgesellschaft

Lëtzebuerger ONGe fuerderen Enn vum Gaza-Krich

Och Lëtzebuerger Organisatiounen melle sech wéinst dem Gaza-Krich zu Wuert.

auto_stories

1 min

An engem gemeinsame Communiqué fuerderen Médecins sans frontières, Handicap International, Care Lëtzebuerg an UNICEF Lëtzebuerg een Enn vun de Feindseelegkeeten an eng Erweiderung vun den humanitären Hëllefen. Déi wichtegst Prioritéit misst hei d‘Ënnerstetzung vun der Zivilpopulatioun an der Gazasträif sinn. D‘Organisatiounen schätzen, datt mëttlerweil iwwer 1,9 Milliounen Mënschen, also ronn 85 Prozent vun der Populatioun an der Gazasträif verdriwwe goufen, an datt de Gesondheetssystem riskéiert zesummenzebriechen.

Si ruffen déi international Communotéiten, ma och de Grand-Duché dozou op, dëse Message an den europäeschen Institutiounen ze verbreeden a sech fir de Schutz vun der Zivilpopulatioun asetzen, egal wat et kascht.