Radioen

On air

De Moien  |  INXS - Need You Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Gudden Encadrement vu Flüchtlingen hei am Land muss assuréiert ginn

Am Zesummenhang mam Caritas-Finanzsskandal

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Gudden Encadrement vu Flüchtlingen hei am Land muss assuréiert ginn

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot fuerdert virum Hannergrond vun der Bedruchsaffär bei der Caritas, datt weiderhin ee qualitativ héichwäertegen Encadrement vun de Flüchtlingen hei am Land misst assuréiert ginn. Dat geet aus engem Communiqué ervir.

auto_stories

1 min

Servicer, déi d‘Caritas fir de Staat leescht - wéi den Accueil an d‘Integratioun vu Flüchtlingen – dierften net drënner leiden, datt d‘Caritas fir den Ament keng Sue méi vum Staat kritt.

Eng Defaillance vun der Caritas géif riskéieren, d‘Situatioun fir déi Betraffen ze verschlëmmeren, esou nach de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. An dat trotz dem Versprieche vun der ONG, fir d‘Flüchtlingen net falen ze loossen.